Quartieren |
Auteuil, Muette, Porte-Dauphine, Chaillot |
---|---|
Buergermeeschter | Danièle Giazzi |
Awunner | 162.061 |
Fläch | 7,91 km² |
Postcode | 75016 |
INSEE-Code | 75116 |
Koordinaten | 48°51'49,00"N, 2°16'35,36"O |
De 16. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de Passy ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis.
Den Arrondissement ass haaptsächlech e Wunnquartier deen awer trotzdeem vun den Touriste wéinst senge sëllege Muséeën, dem Trocadéro oder dem Bois de Boulogne besicht gëtt. Am 16. Arrondissement sinn déi meescht Ambassaden a Konsulater vu Paräis, grad wéi weltwäit bekannt Sportariichtunge wéi de Parc des Princes oder de Roland-Garros-Tennisstadion.
De 16. Arrondissement läit um rietsen Uwänner vun der Seine, am Weste vun der Stad. E stéisst am Osten un d'Seine an am Westen un de Boulevard périphérique, mat Ausnam vum Bois de Boulogne, deen op der anerer Säit vum Périphérique läit.
Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:
Kleng Auswiel:
Commons: 16. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |