Charlotte vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Charlotte vu Lëtzebuerg | |
Titelen | |
Groussherzogin vu Lëtzebuerg | |
Zäit | vu 1919 bis 1964 |
Virgänger | Marie-Adélaïde |
Nofollger | Jean |
Biographie | |
Gebuer |
23. Januar 1896 Schlass Bierg |
Gestuerwen |
9. Juli 1985 Schlass Fëschbech |
Bestuet mat | Felix vu Bourbon-Parma |
Papp | Wëllem IV. vu Lëtzebuerg |
Mamm | Maria Ana vu Bragança |
Geschwëster | Antonia vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Hilda vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Sophie vu Lëtzebuerg |
Kanner | Jean vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg, Charles vu Lëtzebuerg, Alix vu Lëtzebuerg |
D'Charlotte Adelgonde Elisabeth Marie Wilhelmine vu Lëtzebuerg, gebuer den 23. Januar 1896 op Schlass Bierg a gestuerwen den 9. Juli 1985 op Schlass Fëschbech, war vun 1919 bis 1964 Groussherzogin vu Lëtzebuerg.
D'Charlotte war dat zweeteelst vun de sechs Meedercher vum Groussherzog Wëllem IV. (1852–1912) an der Infantin Maria Ana vu Bragança (1861–1942).
Nodeem hir eeler Schwëster, d'Groussherzogin Marie-Adélaïde, den 9. Januar 1919 huet missen ofdanken, ass d'Charlotte vu Lëtzebuerg de 15. Januar 1919 Grande-Duchesse ginn an huet den 18. Januar den Eed op d'Lëtzebuerger Constitutioun geleescht. De Referendum vum 28. September 1919 huet d'konstitutionell Ierfmonarchie ënner der Groussherzogin Charlotte mat 77,8 % confirméiert.
De 6. November 1919 huet si hire Koseng, de Prënz Felix vu Bourbon-Parma bestuet. D'Koppel krut 6 Kanner.
Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, ass d'Charlotte mat hirer Famill (a 4 Membere vun der Regierung) iwwer Frankräich, Spuenien, Portugal an d'Vereenegt Staaten an den Exil op Montreal, Kanada, an op London gaangen. Tëscht 1940 an 1944 huet d'Groussherzogin Charlotte reegelméisseg iwwer d'Radiosémissioune vun der BBC de Lëtzebuerger Mutt zougeschwat, a gouf doduerch zu engem Symbol fir d'Fräiheet an d'Onofhängegkeet vum Land. An der Zäit vum Zweete Weltkrich ass si op sougenannte Good Will Tours duerch d'Vereenegt Staate gaangen, fir op d'Situatioun vu Lëtzebuerg opmierksam ze maachen. De 25. August 1942 gouf se mat hirer Famill vum US-President Roosevelt empfaangen.
De 14. Abrëll 1945 ass d'Grande-Duchesse aus dem Exil hannescht op Lëtzebuerg komm. Déi Méint duerno huet si déi Stied an Dierfer besicht, déi an der Ardennenoffensiv zerstéiert goufen.
Si krut den 8. Juli 1956 "d'Gëlle Rous", déi gréisst Auszeechnung déi de Vatikanstad ze verginn huet.
Den 12. November 1964 huet d'Groussherzogin Charlotte, no 45 Joer un der Spëtzt vum Land, zu Gonschte vun hirem Jong Jean op den Troun verzicht.
Si ass den 9. Juli 1985 mat 89 Joer op Schlass Fëschbech gestuerwen a gouf an der Krypta vun der Kathedral begruewen.
Hir zu Éiere gouf 1990 eng Bronze-Statu op der Clairefontaine-Plaz a 1995 e Monument am Park vum Ierpeldenger Schlass ageweit. Och d'Bréck vun der Stad op de Kierchbierg, d'Groussherzogin-Charlotte-Bréck, ass 1962 no hir benannt ginn, sou wéi och eng Abberzuel Odonymmen: Rue Grande-Duchesse Charlotte zu Bieles (4430), Fëschbech (7430), Gonnereng (6190), Colmer-Bierg (7727), Miersch (7520), Schuller (4995), Walfer (7209) a Wolz (9515); Avenue Grande-Duchesse Charlotte zu Diddeleng (3440-41) a Munneref (5654); Boulevard Grande-Duchesse Charlotte zu Esch-Uelzecht (4070), Ettelbréck an an der Stad Lëtzebuerg (1330-31) a Place Grande-Duchesse Charlotte zu Rëmeleng (3710) an zu Schëffleng (3821).
Mat hirem Mann, dem Prënz Felix vu Bourbon-Parma, hat si 6 Kanner:
Commons: Charlotte vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Marie Adélaïde |
Groussherzogin vu Lëtzebuerg 1919 - 1964 |
Nofollger: Jean |