De Constantin Brâncuși , gebuer den 19. Februar1876 zu Hobița, a Rumänien, a gestuerwen de 16. Mäerz1957 zu Paräis, war e rumänesch-franséischeSculpteur vun der Moderne. De Brâncuși zielt zu de representatiivste Sculpteure vum 20. Joerhonnert, an huet, nieft dem Auguste Rodin, deen hie bewonnert huet, d'Skulptur nohalteg beaflosst, andeems e mat der figurativer Reproduktioun vun Objeten a Persoune gebrach huet. Säin individuelle Stil huet sech vun 1907 un erausgeschielt, a war vun afrikanescher a rumänescher populärer Konscht beaflosst.
Dem Brâncuși seng plastesch Aarbechten a Bronze, Marber, Holz a Gips weisen dacks abstrakt eeërfërmeg Käpp a Vigel, déi fléien; si ginn der Avantgarde an den Arts plastiques zougeschriwwen. Hien huet nëmme wéineg Theeme variéiert, vun 1910 un ëmmer méi am Stil vum Kubismus
Mam Krichsmonument an dräi Deeler zu Târgu Jiu (1938) huet hien eng Verschmëlzung vun Architektur a Skulptur erreecht.
De Brâncuși ass, nodeems en op der Konschtakademie vu Bukarest studéiert hat, vun 1904 un zu Paräis gelieft a geschafft.
Wierker (Auswiel)
1898: Vitellius. Gips, 61 × 43 × 27 cm, Muzeul de Arta, Craiova
1903: Général Dr. Carol Davila. Gips, 71 × 61 × 33 cm, Institut Sanitar Militar, Bukarest
1905: L'Orgeuil. Gips, um 31 × 20 × 22 cm, Muzeul de Arta, Craiova
1906: L'Enfant. Gips, um 35 × 25,7 × 22,5 cm Sammlung George Oprescu, Bukarest
1907: Le Baiser. Steen, 32,5 × 24,5 × 20 cm, Muzeul de Arta, Craiova
1908: Tête d'enfant. Marmor, 17,1 × 30,5 cm, Sammlung Yolanda Penteado, São Paulo
Friedrich Teja Bach: Constantin Brancusi. Metamorphosen plastischer Form. DuMont, Köln 2004, ISBN 3-8321-1839-X.
Quentin Bajac, Clément Chéroux, Philippe-Alain Michaud: Brancusi, film, photographie, images sans fin. Le Point du Jour, Paris 2011, ISBN 978-2-912132-68-0.
Pierre Cabanne: Constantin Brancusi. Pierre Terrail, Paris 2006, ISBN 2-87939-314-0.
Sidney Geist: Brancusi. The sculpture and drawings. Harry N. Abrams, Inc., New York 1975, ISBN 0-8109-0124-2.