Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Fauna als Synonym fir d'Déierewelt. Fir d'Associatioun mam selwechten Numm, kuckt wgl. Fauna (Associatioun). |
D'Déierewelt oder Fauna ass en allgemengt Wuert fir all Déierenaarten an engem Gebitt zu enger bestëmmter Zäit. Den Numm kënnt vun der réimescher Gëttin Fauna. Dës Fauna gëtt heefeg an Tabellen- oder Lëschteform erfaasst (Faunistik, Léier/Wëssenschaft vun der Fauna).
De Begrëff Fauna gouf fir d'éischt Kéier vum Carl von Linné a sengem Wierk Fauna Suecica (1746) benotzt, an deem hien d'Déiere klassifizéiert huet.
D'Déierewelt gëtt a verschidden Ënnergruppen agedeelt:
Bei verschiddenen Déierenzorten, sinn och Gréisstenandeelunge vun der Déierewelt méiglech. Sou schwätzt ee vu:
De Pendant zu der Déierewelt ass d'Planzewelt, d'Flora.
Commons: Fauna – Biller, Videoen oder Audiodateien |