Hugo Chávez | |
---|---|
Gebuertsnumm | Hugo Rafael Chávez Frías |
Gebuer | 28. Juli 1954 |
Gestuerwen | 5. Mäerz 2013 |
Doudesursaach | Déckdaarmkriibs |
Nationalitéit | Venezuela |
Aktivitéit | Politiker, Offizéier |
Den Hugo Rafael Chávez Frías, gebuer den 28. Juli 1954 zu Sabaneta, Bundesstaat Barinas (Venezuela), a gestuerwen de 5. Mäerz 2013 zu Caracas, war e venezuelaneschen Offizéier, Politiker a vun 1999 bis zu sengem Doud Staatspresident vu Venezuela. Hie gouf dräimol erëmgewielt (2000, 2006 an 2012).
Säi Programm baséiert op deem vu sengem Virbild Simón Bolívar an dem sengem Asaz fir e vereent Südamerika, woubäi en a senger sougenannter Bolivarescher Revolutioun och sozialistesch a marxistesch Elementer mat opgeholl huet.
De fréiere Lieutenant-Colonel huet an den 1980er Joren d'Maquis-Organisatioun Movimiento Bolivariano Revolucionario 200 gegrënnt. Wéinst engem Putschversuch koum de Chávez zwee Joer an de Prisong a gouf doduerch am ganze Land bekannt. Spéider huet hien de Movimiento Quinta República gegrënnt, an huet 1998 d'Presidentschaftswale gewonnen.
Als President huet hien eng nei Verfassung fir eng Fënneft Republik ausschaffe gelooss, déi am Dezember 1999 an engem Referendum vum Vollek ugeholl gouf. Doropshi gouf et am Juli 2000 eng Megaelección bei där all gewielt Ämter, och dat vum President, nei zur Wal stoungen. Hie krut mat 60,3 % vun de Stëmmen nach e bessert Resultat wéi 1998.
Wéi de Chávez am Februar 2002 d'Direktiounsplaze vum Pëtrolskonzern PDVSA duerch nei, regierungstrei Manager ausgetosch hat, koum et am Abrëll zu engem Generalstreik, dee vu senge Géigner, der Confederación de Trabajadores de Venezuela (engem Gewerkschaftsverband), Wirtschaftsverbänn, der kathoulescher Kierch, der vireger Regierungspartei a privaten Tëleeschaînen ausgeruff an ënnerstëtzt gouf. Héichpunkt war eng grouss Manifestatioun, déi mat enger anerer déi vun de Supporter vum Chávez organiséiert war, uneneegeroden ass, woubäi 19 Leit ëm d'Liewe koumen an der 300 blesséiert goufen. Den 12. Abrëll koum et zu engem Putsch, en Offizéier huet sech zum Iwwergangspresident ausgeruff an d'Parlament an d'Iewescht Geriicht entlooss.
Et koum zu Masseprotester géint de Putsch, an d'Putschiste goufe vun der Garde vum President festgeholl. Den 13. Abrëll 2002 gouf de Chávez nees a säin Amt agesat.
Säi politescht Zil war et zanterhier, d'Gesellschaft a Richtung vun engem „Sozialismus vum 21. Joerhonnert“ ze transforméieren.
De Chávez war eng Figur déi staark polariséiert huet. De peruanesche Schrëftsteller Mario Vargas Llosa sot z. B. de Chávez, géif mat de Suen aus dem Pëtrolsgeschäft antidemokratesch, populistesch an autoritär Tendenzen a Latäinamerika verbreeden. Anerer gesinn a senger Politik e Géigenentworf zum Neoliberalismus.
Commons: Hugo Chávez – Biller, Videoen oder Audiodateien |