Katharine Hepburn

Katharine Hepburn
Gebuertsnumm Katharine Houghton Hepburn
Gebuer 12. Mee 1907
Hartford
Gestuerwen 29. Juni 2003
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit USA
Educatioun Bryn Mawr College
Aktivitéit Filmschauspiller, Autobiograph, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller
Partei Demokratesch Partei
Famill
Liewenspartner(in) Spencer Tracy

D'Katharine Houghton Hepburn, gebuer den 12. Mee 1907 zu Hartford, Connecticut, USA, a gestuerwen den 29. Juni 2003 zu |Fenwick, Connecticut, war eng US-amerikanesch Theater-, Film- an Televisiounsschauspillerin. Si war eng 60 Joer laang eng vun den Haaptactircë vun Hollywood, an och bekannt fir hir staark Perséinlechkeet an hir Intelligenz. Si huet an enger grousser Pallett vu Genrë matgespillt, vu sougenannte Screwball-Kaméidistécker bis zu klassesche literareschen Dramen, a gouf 4-mol mam Oscar fir déi bescht Schauspillerin ausgezeechent, wat bis ewell nach soss kee fäerdeg bruecht huet. 1999 gouf se vum American Film Institute zum gréisste weibleche Star an der Geschicht vun Hollywood ernnant.

D'Katharine Hepburn ass an enger gutt situéierter, progressiver Famill opgewuess, an huet ugefaange mat schauspillen, wéi s'am Lycée war. No véier Joer op der Bün gouf Hollywood op s'opmierksam. Schonn an den éischte Jore vun hirer Filmcarrière hat se Succès, fir hiren drëtte Film Morning Glory (1933) krut s'en Oscar. Enn vun den 1930er Joren awer haten hir Filmer manner Erfolleg, 1938 gouf hir souguer nogesot si wier "box office poison". Ma d'Hepburn huet hire Comeback selwer an d'Hänn geholl; si huet sech aus dem Kontrakt mam Filmstudio RKO Radio Pictures erauskaf an d'Filmrechter vum Theaterstéck The Philadelphia Story kaf, an dës verkaf mat der Oplo, datt si d'Haaptroll bei der Verfilmung misst hunn. An den 1940 huet si fir d'Metro-Goldwyn-Mayer gedréint, wouvun 9 Filmer mam Spencer Tracy waren, mat deem se perséinlech eng laangjäreg Relatioun hat.

An der zweeter Liewenshallschecht ass si reegelméisseg a Shakespeare-Theaterstécker opgetrueden an huet eng ganz Rëtsch literaresch Rolle gespillt. An de Filmer huet se gär eng "Al Joffer" personifiéiert, wéi z. B. an The African Queen (1951, mam Humphrey Bogart). Si krut dräi weider Oscare fir hir Aarbecht an Guess Who's Coming to Dinner (1967, mam Spencer Tracey a Sidney Poitier), The Lion in Winter (1968, mam Peter O'Toole), an On Golden Pond (1981, mam Henry Fonda). An den 1970er Joren huet si ëmmer méi och an Televisiounsfilmer matgespillt. D'Katharine Hepburn ass bis an den héijen Alter aktiv bliwwen, hir lescht Filmroll hat se 1994 am Alter vu 87 Joer. No enger Period, wou et hir gesondheetlech net méi gutt goung, ass se 2003 mat 96 Joer gestuerwen.

D'Katharine Hepburn ass bekannt, datt se sech der Glamour- a Publicitéitswelt vun Hollywood sou gutt et goung entzunn huet a resolut hiert Liewen no hiren Iwwerzeegunge gelieft huet. Si huuet hir Meenung gesot, sech duerchgesat, war sportlech and huet Boxen ugedoen, laang ier dat sech fir Frae "gehéiert huet". Si hat sech als jonk Fra bestuet, mä huet duerno fräi an onofhängeg gelieft. Hir Relatioun mam Spencer Tracy, iwwer 26 Joer laang, huet se baussent der Ëffentlechkeet gehalen. Si war, duerch hir Rollen, wéi duerch hiert Liewen, de Begrëff vun der "moderner Fra" an den USA vum 20. Joerhonnert.

Si ass net Famill mat der Schauspillerin Audrey Hepburn.

Filmographie (Auswiel)

An hirer 66 Joer laanger Karriär huet d'Katharine Hepburn a 44 Filmer matgespillt, 8 Tëlevisounsfilmer an 33 Theaterstécker.

Um Spaweck

Commons: Katharine Hepburn – Biller, Videoen oder Audiodateien