Agank vum Lycée (2022) | |
(LAML) | |
---|---|
Typ | ëffentlech Schoul, Secondairesschoul |
Regimm | Classique, General |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Leedung | Carole Chaine |
Schülerzuel | 1.296 |
September 2022 | |
Gegrënnt | 28. Juli 2000 |
Genannt no | Aline de Saint-Hubert |
Um Spaweck | http://www.laml.lu |
De Lycée Aline-Mayrisch, kuerz LAML, ass en ëffentleche Lëtzebuerger Lycée um Campus Geesseknäppchen am Quartier Hollerech vun der Stad Lëtzebuerg. D'Schüler nennen hire Lycée och nach "Alima".
D'Schoul huet hiren Numm vun der Aline Mayrisch de Saint-Hubert.
De Lycée Aline-Mayrisch ass den 28. Juli 2000 an d'Liewe geruff ginn an ass de 14. Mäerz 2001 vun de Ministeschen Erna Hennicot-Schoepges an Anne Brasseur ageweit ginn. Fir d'Schüler huet d'Schoulgebai am September 2001 seng Dieren opgemaach.
Zanter 2018 kritt all Schüler en IPad mat Apple Pencile an Tastatur zur Verfügung gestallt.
Am klasseschen Enseignement bitt de Lycée Aline Mayrisch Klasse vu 7e bis 1re un. Vun der 3e un, mussen d'Schüler sech fir eng Sektioun entscheeden:
Fir d'Sektiounen F (Musekswëssenschaften) an I (Informatik a Kommunikatioun) muss de Schüler no der 4e d'Schoul wiesselen.
Am generellen Enseignement bitt de Lycée d'Klassen vun 7eG bis 5eG un.
Am berufflechen Enseignement bitt de Lycée d'Klassen vun 7eP bis 5eP un.
Den Defi ass e fräiwëllege Projet fir d'Schüler vun der 7e. D'Schüler setzen sech selwer en gréisster Ziel, dat se am Laf vum Joer wëllen erreechen: e Buch schreiwen, eng Maquette vun engem Haus bauen, eng Sprooch leieren oder e Pullover strecken. Zum Schluss vum Joer kritt all Schüler, den säin Defi gepackt huet, op enger offizieller Feier en Diplom. iwwerreecht.
Alin&Art ass e Konscht-Event. All Joer invitéiert de Lycée 6 Kënschtler, déi e puer Deeg Workshops hale fir interesséiert Schüler aus alle Klassen. Hei entstinn Skulpturen, Collagen, oder Video-Installatiounen. Op engem Vernissage gi d'Konschtwierker presentéiert.
An der Semaine à Projet falen all normal Coursen aus an gin duerch ee Projet ersat, den iwwer déi ganz Woch geet. Dat kann Team Building sinn, e Projet iwwer gesond Ernierung oder iwwer ökologesch Themen.
Den Lycée organiséiert all Joer en Solidaritéitsdag. All Klass huet hei en eegenen Stand mat Spiller, handgemaachenen Produiten, Iessen oder Gedrénks. Am Festsall vum Lycée gëtt en VIP-Mëttegiessen zerwéiert. Déi gesammelt Suen gin un eng ONG gespent, déi vun den Schüler an den Elteren ausgewielt gëtt. Momentan ass dat d'ONGD Guiden a Scouten mat engem Ausbildungszentrum fir Jugendlecher am Südsenegal.
Op 6e mécht all Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch eng Klasserees. Verschidde Klasse fueren an d'Ardèche, anerer maachen Teambuilding zu Holzgau an Éisträich oder eng Schivakanz zu Samoëns. Op 2e organiséieren d'Klassen hir eege Rees, de Voyage autogéré. D'Schüler gi sech an der Klass eens wouhi se wëllen zesumme fueren a plangen autonom hir Aktivitéite wärend dëser Rees. Si finanzéieren déi Rees mat, andeem s'op Gedrénksstänn hëllefen, mam Verkaf vu Rouse fir Valentinsdag oder aneren eegenen Verkafs-Iddien.
Wärend zwee Deeg weisen Spezialisten an Wëssenschaftler mat 25 Science-Atelieren wei d'Theorie vun der Science kann praktesch ugewannt gin.
All Joer am Mee ass am Conservatoire vun der Staat Lëtzebuerg den groussen Spektakel „Music in Motion“. Hei weisen d' Schüler hier Talenter an hier Begeeschterung fir d'Musek. D'Danzgruppen, d'Big Band, d'Harmonie, d'Chorale an d'Rock-, Jazz- a Blues-Ensembelen souwéi vill Solisten trieden bei dësem Event wärend dréi Stonnen op.
Commons: Lycée Aline-Mayrisch – Biller, Videoen oder Audiodateien |