Madonna | |
---|---|
D'Madonna bei der Première vun "I Am Because We Are" um Tribeca Filmfestival 2008 | |
Gebuertsnumm | Madonna Louise Ciccone |
Pseudonym | Madonna, Louise Ciccone, Madonna Ritchie, Boy Toy, Nonnie, Maddy, Mo, The Material Girl, Queen of Pop, Madge, Veronica Electronica, Dita, Madame X, M-Dolla, M |
Gebuer |
16. August 1958 Bay City |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Sänger, Lidderschreiwer, Schauspiller |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Guy Ritchie, Sean Penn |
Liewenspartner(in) | Carlos Leon, Brahim Zaibat, Tupac Shakur, Jean-Michel Basquiat, Warren Beatty |
Geschwëster | Christopher Ciccone |
Kanner | Lourdes Leon, Mercy James, David Banda Mwale Ciccone Ritchie, Rocco Ritchie |
D'Madonna, gebuer als Madonna Louise Ciccone de 16. August 1958 zu Bay City, Michigan, ass eng US-amerikanesch Sängerin. Si schreift hir Lidder selwer, an ass och Entertainerin, Dänzerin, Schrëftstellerin, Schauspillerin, an entwërft Kleederkollektiounen.
Der Madonna hiren éischte Mann war de Schauspiller Sean Penn, mat deem se sech 1985 bestuet huet, mä 1989 erëm vun him gescheet gouf. Den 22. Dezember 2000 huet se sech du mam Guy Ritchie a Schottland bestuet. Hie war aacht Joer hire Mann; si hu sech den 2. Januar 2009 gescheet. 1996 huet d'Madonna hiert éischt Kand, d'Lourdes Maria, vun hirem Personal Trainer Carlos Leon, op d'Welt bruecht. Kuerz no hirer Hochzäit mam Guy Ritchie krute si zesummen ee klenge Jong, de Rocco, an 2006 hu si den David Banda aus Malawien adoptéiert.
Der Madonna hir Danz- an Gesangscarrière huet 1977 mat modernen Dänz zu New York ugefaangen. Ënner anerem huet si och bei Pop-Musicalgruppe matgemaach, wéi Breakfast Club an Emmy. Hiren éischten Album, dee just Madonna housch, huet si 1983 erausbruecht. An hire Lidder a Videoe geet et ënner anerem och ëm Relioun a Sex. D'Madonna spillt och verschidden Instrumenter, wéi Gittar a Perkussioun.
Nieft hirer Gesangscarrière huet si och an 22 Filmer matgespillt an huet 8 Bicher geschriwwen, déi meescht dovu si Kannerbicher.
Commons: Madonna (entertainer) – Biller, Videoen oder Audiodateien |