Olympesch Réng

D'Olympesch Réng

D'Olympesche Réng sinn en Deel vun den olympesche Symboler a goufen 1913 vum Pierre de Coubertin entworf.

Beschreiwung

D'Symbol besteet aus fënnef aneneeverflechte Réng an de Faarwe blo, giel, schwaarz, gréng a rout op engem wäissen Hannergrond.

De Pierre de Coubertin sot 1913 iwwer den Olympesche Fändel (op deem déi fënnef Réng drop sinn):

„De plus les six couleurs ainsi combinées reproduisent celles de toutes les nations sans exception. Le bleu et jaune de Suède, le bleu et blanc de Grèce, les tricolores français, anglais, américain, allemand, belge, italien, hongrois, le jaune et rouge d'Espagne voisinent avec les innovations brésilienne ou australienne, avec le vieux Japon et la jeune Chine. Voilà vraiment un emblème international.“

Pierre de Coubertin

D'Verflechtung vun de Réng symboliséiert d'Gesamtheet vun der olympescher Iddi an d'Vereenegung vun de Kontinenter déi doduerch entsteet, grad ewéi d'Zesummekomme vun Athleeten aus alle Länner. Virun 1951 housch et am offiziellen Handbuch vun den Olympesche Spiller, datt all Faarf e Kontinent duerstellt: blo fir Europa, giel fir Asien, schwaarz fir Afrika, gréng fir Australien a rout fir Amerika. Dëst gouf awer nees ewechgeholl, well et kee Beweis gëtt, datt den de Coubertin et sou gemengt hat.

Well d'Olympesche Spiller vu Berlin 1916 wéinst dem Éischte Weltkrich ausgefall sinn, goufen d'Olympesch Réng – als Symbol op dem Olympesche Fändel – fir d'éischt 1920 bei de Spiller zu Antwerpe benotzt.

Um Spaweck

Commons: Olympesch Réng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Karl Lennartz, « The Story of the Rings » , Journal of Olympic History, vol. 10,‎ 2002, p. 31; archivéiert Versioun vum 7. Januar 2016