Olympesch Spiller

Olympesche Fändel mat de fënnef Réng; fir d'éischt bei den Olympesche Spiller 1920 zu Antwerpen benotzt
D'Lëtzebuerger Liichtathleeten 1960 um Wee op Roum, vu l. no r.: Ramon Humbert, Norbert Haupert, Jean Aniset, Félix Heintz, Boy Bofferding, L.Faber a Charles Sowa.

D'Olympesch Spiller sinn e grousst Sportsevenement, vun deem prinzipiell all zwee Joer eng Editioun ausgedroe gëtt. D'Summer- a Wanterspiller si jeeweils versat all véier Joer, sou datt all zwee Joer eng Editioun vun den Olympesch Spiller organiséiert gëtt.

Déi eenzel Olympesch Summerspiller kréien d'laténgesch Zuel vun der Olympiad (Olympiad = Period vu véier Joer). D'Spiller vun der VI. Olympiad goufen 1916 wéinst dem Éischte Weltkrich net ausgedroen. Bedéngt duerch den Zweete Weltkrich goufen 1940 d'Spiller vun der XII. Olympiad an 1944 déi vun der XIII. Olympiad och net ausgedroen. D'Spiller vun der XXXII. Olympiad, déi fir 2020 virgesi waren, goufen wéinst der weltwäiter COVID-19-Pandemie an d'Joer 2021 verluecht.

Bei den eenzelen Olympesche Wanterspiller gëtt déi laténgesch Zuel vun der Oplo geholl. Olympesch Wanterspiller déi net ausgedroe ginn - wéi et 1940 an 1944 de Fall war - kréien och keng Zuel. No de IV. Olympesche Wanterspiller am Joer 1936 koumen deemno 1948 déi V. Olympesch Wanterspiller.

Olympesch Summerspiller

Olympiad Saison / Joer Land Plaz Bemierkung
I. Olympesch Summerspiller 1896 Griicheland Athen
II. Olympesch Summerspiller 1900 Frankräich Paräis
III. Olympesch Summerspiller 1904  USA Saint-Louis
IV. Olympesch Summerspiller 1908 Vereenegt Kinnekräich London
V. Olympesch Summerspiller 1912 Schweden Stockholm
VI. Olympesch Summerspiller 1916 Däitscht Räich Berlin ausgefall
VII. Olympesch Summerspiller 1920 Belsch Antwerpen
VIII. Olympesch Summerspiller 1924 Frankräich Paräis
IX. Olympesch Summerspiller 1928 Holland Amsterdam
X. Olympesch Summerspiller 1932  USA Los Angeles
XI. Olympesch Summerspiller 1936 Däitscht Räich Berlin
XII. Olympesch Summerspiller 1940 ausgefall
XIII. Olympesch Summerspiller 1944 Vereenegt Kinnekräich London ausgefall
XIV. Olympesch Summerspiller 1948 Vereenegt Kinnekräich London
XV. Olympesch Summerspiller 1952 Finnland Helsinki
XVI. Olympesch Summerspiller 1956 Australien Melbourne
XVI. Olympesch Summerspiller 1956 Schweden Stockholm
XVII. Olympesch Summerspiller 1960 Italien Roum
XVIII. Olympesch Summerspiller 1964 Japan Tokio
XIX. Olympesch Summerspiller 1968 Mexiko Mexiko-Stad
XX. Olympesch Summerspiller 1972 Däitschland München
XXI. Olympesch Summerspiller 1976 Kanada Montréal
XXII. Olympesch Summerspiller 1980 Sowjetunioun Moskau
XXIII. Olympesch Summerspiller 1984  USA Los Angeles
XXIV. Olympesch Summerspiller 1988 Südkorea Seoul
XXV. Olympesch Summerspiller 1992 Spuenien Barcelona
XXVI. Olympesch Summerspiller 1996  USA Atlanta
XXVII. Olympesch Summerspiller 2000 Australien Sydney
XXVIII. Olympesch Summerspiller 2004 Griicheland Athen
XXIX. Olympesch Summerspiller 2008 China Peking
XXX. Olympesch Summerspiller 2012 Vereenegt Kinnekräich London
XXXI. Olympesch Summerspiller 2016 Brasilien Rio de Janeiro
XXXII. Olympesch Summerspiller 2020 Japan Tokio
XXXIII. Olympesch Summerspiller 2024 Frankräich Paräis
XXXIV. Olympesch Summerspiller 2028  USA Los Angeles
XXXV. Olympesch Summerspiller 2032 Australien Brisbane

Olympesch Wanterspiller

Nr. Saison / Joer Land Plaz Bemierkung
I. Olympesch Wanterspiller 1924 Frankräich Chamonix
II. Olympesch Wanterspiller 1928 CHECHE Schwäiz Sankt Moritz
III. Olympesch Wanterspiller 1932  USA Lake Placid
IV. Olympesch Wanterspiller 1936 Däitscht Räich Garmisch-Partenkirchen
- Olympesch Wanterspiller 1940 ausgefall
- Olympesch Wanterspiller 1944 Italien Cortina d'Ampezzo ausgefall
V. Olympesch Wanterspiller 1948 CHECHE Schwäiz Sankt Moritz
VI. Olympesch Wanterspiller 1952 Norwegen Oslo
VII. Olympesch Wanterspiller 1956 Italien Cortina d'Ampezzo
VIII. Olympesch Wanterspiller 1960  USA Squaw Valley
IX. Olympesch Wanterspiller 1964 Éisträich Innsbruck
X. Olympesch Wanterspiller 1968 Frankräich Grenobel
XI. Olympesch Wanterspiller 1972 Japan Sapporo
XII. Olympesch Wanterspiller 1976 Éisträich Innsbruck
XIII. Olympesch Wanterspiller 1980  USA Lake Placid
XIV. Olympesch Wanterspiller 1984 Jugoslawien Sarajevo
XV. Olympesch Wanterspiller 1988 Kanada Calgary
XVI. Olympesch Wanterspiller 1992 Frankräich Albertville
XVII. Olympesch Wanterspiller 1994 Norwegen Lillehammer
XVIII. Olympesch Wanterspiller 1998 Japan Nagano
XIX. Olympesch Wanterspiller 2002  USA Salt Lake City
XX. Olympesch Wanterspiller 2006 Italien Turin
XXI. Olympesch Wanterspiller 2010 Kanada Vancouver
XXII. Olympesch Wanterspiller 2014 Russland Sotschi
XXIII. Olympesch Wanterspiller 2018 Südkorea Pyeongchang
XXIV. Olympesch Wanterspiller 2022 China Peking
XXV. Olympesch Wanterspiller 2026 Italien Mailand-Cortina

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Olympesch Spiller – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. zënter de Wanterspiller 1994