Logo | Parteizentral |
---|---|
Rue d'Arlon 40 1000 Bréissel Belsch | |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 1. Oktober 2009 |
Ausriichtung: | gesellschaftspolitesch konservativ europaskeptesch wirtschaftlech liberal |
Fraktioun: | Europäesche Konservativ a Reformisten |
Faarf: | Blo a Wäiss |
Websäit: | ECRParty.eu |
D'Europäesch Konservativ a Reformiste-Partei (en.: European Conservatives and Reformists Party (ECR-Party); fr.: Parti des Conservateurs et Réformistes Européens; de.: Europäische Konservative und Reformer-Partei) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau. Bis Juli 2019 huet si Allianz vun de Konservativen a Reformisten an Europa a virdrun bis Oktober 2016 Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten geheescht.
Si ass europaskeptesch a vertrëtt gesellschaftspolitsch konservativ Wäerter a wirtschaftsliberal Prinzipien. D'ACRE setzt sech deementspriechend aus 18 aneren europäesche Parteien mat enger änlecher Ideologie zesummen, dorënner déi lëtzebuergesch Alternativ Demokratesch Reformpartei, déi brittesch Conservative Party, déi polnesch Prawo i Sprawiedliwość oder déi spuenesch Vox. Zesumme mat Vertrieder vun der Europäescher Chrëschtlecher Politescher Beweegung (ECPM) bilt si d'Fraktioun Europäesch Konservativ a Reformisten. An der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot bilt si zesumme mat de Membere vun der Identitéit an Demokratie-Partei d'Grupp vun den Europäesche Konservativen an Demokratesch Allianz, wou d'ADR zënter 2024 mam Fernand Kartheiser ee Lëtzebuerger Vertrieder huet.
Am Europäesche Rot ass d'Partei mam Regierungschef vu Polen vertrueden.
2019 hat d'ACRE 19 Memberparteien aus der EU an 20 aus net EU-Staaten. No den Europawalen 2019 hat d'Fraktioun vun der ACRE 62 Deputéiert, dat sinn 8,26% vun de 751 Membere vum Europaparlament. Nom Brexit sinn déi brittesch Deputéiert ewechgefall.
Commons: Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten – Biller, Videoen oder Audiodateien |