D'Provënz Moxico ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Oste vum Land a grenzt u Sambia (am Osten) an d'Demokratesch Republik Kongo (am Nordosten). Am Nordweste läit d'angolanesch Provënz Luanda Sul, am Westen d'Provënz Bié an am Süden d'Provënz Cuando Cubango. Mat 223.023 km² (16,03% vum nationalen Territoire) ass si flächeméisseg déi gréisst Provënz.
Der Vollekszielung vun 2014 no hat si 727.594 Awunner, wat 3% vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola waren. Déi gréisst Bevëlkerungsgruppe sinn d'Chokwe, d'Luvale an d'Ovimbundu.
De Klima an der Provënz Moxico ass tropesch an d'Duerchschnëttstemperatur läit bei 22 Grad Celsius.
Haaptstad vun der Provënz ass Luena.
Den Numm vun der Provënz kënnt vun engem wichtege Soba (engem angolaneschen Dignitaire) aus der Regioun, dee sech ëm juristesch Affairë wéi Kloen, Streidereien an Ongerechtegkeete gekëmmert huet. Deem säin Numm ass vun engem Kuerf ofgeleet, deen als Transportmëttel fir Fësch an aner Gidder benotzt ginn ass. Wärend dem Onofhängegkeetskrich géint d'Portugise sinn domat Liewensmëttel a Waffen transportéiert ginn.