Sojus (Raumschëff)

Sojus-TMA-7-Raumkapsel nom Afkoppele vun der Internationaler Raumstatioun

D'Sojus (russesch Союз „Unioun“) ass den Numm vun enger Rei vu bemannte russesche Raumkapsele fir eng Besatzung vu bis zu dräi Persounen.

Déi an den 1960er Jore vum OKB - 1 vum Sergei Koroljow-Experimental-Konstruktiounsbüro, haut RKK Energija entwéckelt an uschléissend dacks modifizéiert Sojus-Kapsel, gouf eng bemannt Raumfär fir d'Raumstatioune vun der Saljut-Rei, spéider fir d'Mir an zanter dem Start vun der Sojus TM-31 den 31. Oktober 2000 fir d'ISS.

D'Sojus-Kapsel ass zanter 1967 am Asaz an eent vun de séchersten Transportmëttele fir an d'Äerdëmlafbunn ze kommen. D'Drorakéite sinn d'Sojus-Rakéiten, déi no russescher Traditioun, no hirer Haaptnotzlaascht genannt ginn.

Technesch Daten

Sojus-Rakéit virun hirem Start de 15. Juli 1975

Déi genee Zuele kënne bei eenzele Raumschëffer vun enger Modellrei ofwäichen.

Versioun: Sojus A (1963) Sojus 7K-OK (1967–1971) Sojus 7K-L3 (LOK) Sojus 7K-T (1973–1981) Sojus 7K-TM (1975) Sojus-T (1976–1986) Sojus-TM (1986–2002) Sojus-TMA (2003–2012) Sojus TMA-M (2010–2016) Sojus MS (2016–....)
Ganze System
Total Mass (kg) 5.880 6.560 9.850 6.800 6.680 6.850 7.250 7.220 7.150 ?
Längt (m) 7,40 7,95 10,06 7,48 7,48 7,48 7,48 7,47 7,48 7,48
Max. Duerchmiesser (m) 2,50 2,72 2,930 2,72 2,72 2,72 2,72 2,72 2,72 2,72
Spanwäit (m) ? 9,80 2,93 9,80 8,37 10,6 10,6 10,7 10,7 ?
Orbitalmodul (BO)
Total Mass (kg) 1.000 1.100 ? 1.350 1.224 1.100 1.450 1.370 ? ?
Längt (m) 3,00 3,45 2,26 2,98 3,10 2,98 2,98 2,98 2,98 2,98
Duerchmiesser (m) 2,20 2,25 2,30 2,26 2,26 2,26 2,26 2,26 2,26 2,26
Bewunnbare Volumen (m³) 2,20 5,00 ? 5,00 5,00 5,00 5,00 5,00 ? ?
Landemodul (SA)
Total Mass (kg) 2.480 2.810 2.804 2.850 2.802 3.000 2.850 2.950 ? ?
Längt (m) 2,30 2,24 2,19 2,24 2,24 2,24 2,24 2,24 2,24 2,24
Duerchmiesser (m) 2,17 2,17 2,20 2,17 2,17 2,17 2,17 2,17 2,17 2,17
Bewunnbare Volumen (m³) 4,00 4,00 ? 3,50 4,00 4,00 3,50 3,50 ? ?
Servicemodul (PAO)
Total Mass (kg) 2.400 2.650 ? 2.700 2.654 2.750 2.950 2.900 ? ?
Dreifstoffmass (kg) 830 500 3.152 500 500 700 880 880 ? ?
Längt (m) 2,10 2,26 2,82 2,26 2,26 2,26 2,26 2,26 2,26 2,26
Basisduerchmiesser (m) 2,30 2,15 ? 2,15 2,15 2,15 2,15 2,15 ? ?
Max. Duerchmiesser (m) 2,50 2,72 2,20 2,72 2,72 2,72 2,72 2,72 2,72 2,72

Um Spaweck

Commons: Sojus-Raumkapsel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Sojus-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Logoe vun de Sojus-Missiounen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Quell vun den Daten:(en) Encyclopedia Astronautica.