Staat

D'Staaten op der Welt.

Als Staat bezeechent een eng Form an där sech eng Gesellschaft oder e Land kënnen organiséieren.

Elementer vun engem Staat

Et gëtt véier klassesch Elementer déi eng Entitéit brauch fir kënnen e Staat ze ginn. Déi goufe fir d'éischt 1933 an der Konventioun vu Montevideo fixéiert a baséieren a groussen Deeler op den Theorië vum däitsche Volleksrechtler Georg Jellinek.

Bevëlkerung

E Staat brauch eng Bevëlkerung. Et gëtt keng genee Gréissenuerdnung wéi vill Mënschen eng Bevëlkerung muss hunn. Et gëtt haut vu Bevëlkerungen alles tëscht 900 fir de Vatikanstad an 1,3 Milliarde fir d'Volleksrepublik China.

Territoire

E Staat brauch en eenegermoosse stabillen Territoire. Och do gëtt et keng Gréissenuerdnung; de Vatikanstad huet mat 0,44 km² de klengsten Territoire, Russland ass mat 17.098.242 km² dee gréisste Staat op der Welt.

Staatsgewalt

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Staatsgewalt.

E Staat brauch eng Regierung déi iwwer d'Bevëlkerung, déi um Territoire wunnt, eng effektiv Staatsgewalt huet.

Datt d'Regierung eng effektiv Staatsgewalt iwwer d'Bevëlkerung an den Territoire huet, ass keen absolutte Prinzip. Et ka sinn, datt eng Regierung e Staat vertrëtt obwuel se keng effektiv Staatsgewalt huet. Beispill: E Staat gëtt vun engem anere besat an d'Regierung geet an d'Exil. Obwuel keng effektiv Staatsgewalt do ass, gëtt d'Regierung als offizielle Representant vun hirem Staat ugesinn.

Oft kontestéiert ass dëse Punkt am Bezuch op Somalia. Aus vëlkerrechtlecher Siicht ass dat afrikanescht Land kee Staat, well et keng Regierung huet.

Fäegkeet géintiwwer anere Staaten

E Staat muss kënne mat anere Staaten op enger vëlkerrechtlecher Basis a Kontakt trieden. Dee Krittär ass wichteg fir d'Entitéite vun engem Staat mat federaler Organisatioun auszeschléissen.

Beispill: Obwuel et eng Bevëlkerung, en Territoire an eng Regierung huet, ass et net virstellbar datt d'Saarland als Staat um internationale Parquet agéiert.

Typpe vu Staaten

Staaten am Internationalen Droit

Et gëtt zwou grouss Theorien, vu wou un eng Organisatioun aus vëlkerrechtlecher Siicht e Staat ass.

  • Deklarativ Theorie: Laut där Theorie ass all Organisatioun déi déi véier Elementer vun engem Staat virweise kann, e Staat. D'Konventioun vu Montevideo schwätzt an hirem drëtten Artikel vun där Theorie. Si ass haut déi Wäitverbreetsten.
  • Konstitutiv Theorie: Déi Theorie, déi bis an d'20. Joerhonnert eran, vill gebraucht gouf, seet datt e Staat eréischt duerch d'Unerkennung duerch aner Staaten zu engem eegestännege Staat gëtt. Sou waren nom Wiener Kongress nëmmen 39 onofhängeg Staaten an Europa akzeptéiert. Haut gëtt déi Theorie net méi gebraucht. D'Praxis vun der Unerkennung vun neie Staaten huet nëmme méi symbolesche Charakter.

Kompetenzen a Rechter vun engem Staat

E Staat huet eng Rei vu Kompetenzen déi nëmme Staaten hunn:

  • Kompetenz fir Traitéen ze schléissen. Och wa verschidden international Organisatiounen déi Kompetenz och hunn, ass se bei deenen ëmmer op eng Matière limitéiert. Nëmme Staate kënne mat jiddwerengem an iwwer alles Traitéë schléissen.
  • Kompetenz fir alles wat bannenzeg Affäre sinn. E Staat huet d'Recht, datt sech keen anere Staat a seng bannenzeg Affären amëscht.
  • Fräiheet sech internationalem Recht ënnerzeuerdnen. E Staat kann nëmmen un eng international Norm gebonne sinn, wann e sech dozou bereet erkläert huet. Dat ass virun allem wichteg, wann et ëm international Jurisdiktioune geet.
  • Recht op Gläichberechtegung. Am internationalen Droit si Staate gläichgestallt, egal wéi grouss oder wichteg, respektiv kleng oder onwichteg se sinn.
  • Staate profitéiere vun der Lotus Presomptioun. Dat ass de Prinzip no deem e Staat maache ka wat e wëll, et sief et gëtt eng international Reegel déi him eppes verbitt.

Literatur

  • A. Cassese, International Law, Oxford, 2005.

Um Spaweck