Udo Bölts | |
---|---|
Gebuer |
10. August 1966 Heltersberg |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Den Udo Bölts gebuer den 10. August 1966 zu Rodalben, ass ee fréieren däitsche Vëloscourreur. Hien ass de Brudder vum Hartmut Bölts.
Den Udo Bölts ass ee vun den erfollegräichsten däitsche Vëlossportler op der Strooss.
Hien huet seng Profiscarrière 1989 beim Team Stuttgart ugefaangen, aus deem 1991 Team Telekom ginn ass, an elo Team T-Mobile heescht.
Vun 1992 bis 2003 war de Bölts zwielef Mol ouni Ënnerbriechong um Tour de France dobäi an och all Kéier bis un d'Enn gefuer. Seng bescht Plaz am Tour war 1994 mat der 9ter. 1996 an 1997 war hien all Kéier ee vun den éischte Leitnante vum Bjarne Riis a Jan Ullrich.
Seng gréisst Succèsë waren dräi däitsch Stroosselandesmeeschterschaften (1990, 1995, 1999), seng Victoire bei der Clásica San Sebastián 1996, an eng Biergetapp am Giro 1992.
1997 huet hien den Dauphiné libéré gewonnen, bis elo deen eenzegen Däitschen deen déi Course eng Kéier fir sech konnt verbuchen. Dat selwecht Joer gouf hie Véierten op der Vëlosweltmeeschterschaft op der Strooss.
Zanter 2003 ass den Udo Bölts sportleche Leeder vum Team Gerolsteiner.
Beim Tour de France 2006 war de Bölts Expert fir den ZDF.
An der Rumm vum Team-T-Mobile-Skandal huet de Bölts den 23. Mee 2007 zouginn, sech 1996 mat EPO a mat Wuesstemshormone gedopt ze hunn, fir am Tour de France 1996 kënne mat ze fueren. Am Joer 1997 huet e mam Doping weidergemaach.
Anerer:
Commons: Udo Bölts – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiquote: Udo Bölts – Zitater |