Victoria vum Vereenegte Kinnekräich | |
---|---|
Gebuertsnumm | Princess Alexandrina Victoria of Kent |
Gebuer | 24. Mee 1819 |
Gestuerwen | 22. Januar 1901 |
Doudesursaach | intrazerebral Bluddung |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Monarch |
Member vun | Royal Society |
Famill | |
Kanner | Edward VII. |
D'Victoria (mam ganzen Numm Alexandrina Victoria), gebuer de 24. Mee 1819 am Kensington Palace, zu London a gestuerwen den 22. Januar 1901 am Osborne House, op der Isle of Wight, war vun 1837 bis 1901 Kinnigin vum Kinnekräich vu Groussbritannien an Irland a war ausserdeem zënter dem 1. Januar 1877 déi éischt brittesch Monarchin mam Titel Empress of India (Keeserin vun Indien). Si war d'Duechter vum Edward Augustus, Duke of Kent and Strathearn an der Victoire vu Sachsen-Coburg-Saalfeld.
Als konstitutionell Monarchin war si pro forma Herrscherin iwwer méi wéi ee Fënneftel vun der Äerd an engem Drëttel vun der Weltbevëlkerung. Wärend hirer Regierungszäit hunn d'Upper Class an d'Middle Class a Groussbritannien en Opschwonk kannt, deen et sou bis ewell ni gi war, an de British Empire stoung um Héichpunkt vu senger Muecht. Si hat eng enk Bezéiung zu hirem Mann a Cousin, dem Prënz Albert an huet sech, do deem sengem Doud 1861, bal ganz aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn, a bis un d'Enn vun hirem Liewen Trauergezei gedroen.
Si huet 63 Joer 7 Méint regéiert, méi laang wéi all anere brittesche Monarch virun hir. Wéinst hire sëllege Kanner (9) a Kandskanner (44), déi an den Adelshaiser doruechter bestuet waren, gëtt si alt d'"Groussmamm vun Europa" genannt.
Wéinst hirer laanger Regence gouf d'Viktorianesch Ära no hir genannt.
D'Victoria an den Albert haten néng Kanner:
Commons: Victoria of the United Kingdom – Biller, Videoen oder Audiodateien |