Alain Corneau | |
---|---|
Gebuer |
7. August 1943 Meung-sur-Loire |
Gestuerwen |
30. August 2010 13. Arrondissement |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Institut des hautes études cinématographiques |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Schauspiller, Filmschauspiller, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Nadine Trintignant |
Liewenspartner(in) | Nadine Trintignant |
Den Alain Corneau, gebuer de 17. August 1943 zu Meung-sur-Loire a gestuerwen den 30. August 2010, war e franséische Filmregisseur a Dréibuchauteur.
Dem Alain Corneau säin zweete Film Police Python 357 koum direkt gutt un, souwuel beim Public wéi bei der Kritik.
Mat Série Noire huet hien e Film gedréint, dee sou schwaarz ass wéi den Titel et seet. Déi pathetesch, tragesch an trotzdeem lächerlech Haaptpersonnagë vum Film gi vu Patrick Dewaere a Bernard Blier op eng magistral Manéier gespillt.
Mat dem Film Tous les matins du monde kritt d'Viole de Gambe vum Alain Corneau e Monument am Kino opgeriicht, a gläichzäiteg spillt de Jean-Pierre Marielle als Monsieur de Sainte-Colombe eng vu senge schéinste Rollen.
1992 César als beschte Regisseur fir Tous les matins du monde