D'Baltescht Mier, aus Analogie zu Däitschen och dacks Ostséi genannt, ass e Mier mat enger Fläch vu 432.800 km², dat am Norde vun Europa läit, an dat duerch d'Nordmier mam Atlanteschen Ozean verbonnen ass. Zwéi Golfe sinn en Deel dovun: de Botnesche Golf am Norden an de Finnesche Golf am Osten.
Länner, déi um Baltesche Mier leien, sinn:
Mam Nordmier ass et am Südweste verbonnen duerch de Kattegat an de Skagerrak.
(Déi wichtegst, dem Zär vun der Auer no, ugefaange bei Öresund):
Duerch d'Eutrophisatioun sinn haut wéineg Fësch a vill Algen am Baltesche Mier.
Am Mëttelalter huet d'Hanse sech ronderëm d'Baltescht Mier etabléiert.
Et fueren haut daagsan, daagsaus eng 2000 Schëffer doruechter, déi 15 % vum Welttransport iwwer d'Mier ausmaachen. De Finnesche Golf ass e wichtegen Handelswee fir russesche Pëtrol (20 Milliounen Tonnen 1990, iwwer 100 Milliounen am Joer 2005), deen zu Sankt Péitersbuerg op Schëffer emgeluede gëtt.
Commons: Baltic Sea – Biller, Videoen oder Audiodateien |