Déi 33 aktiv Brauereien zu Lëtzebuerg hunn 2019 ronn 288.000 Hektoliter Béier produzéiert.
2018 goufen 33 % (94.000 hl) vun der nationaler Béierproduktioun exportéiert, iwwerdeems 80 % vum Béier deen zu Lëtzebuerg gedronk gouf (370.000 hl), importéiert ginn ass. D'Consommatioun louch am selwechte Joer bei 69 l op de Kapp.
Haut gëtt et zu Lëtzebuerg nieft dräi groussen industrielle Brauereien zu Wolz, zu Dikrech, an zu Nidderkäerjeng och nach e puer Mikrobrauereien, déi ronn 2 % vun der nationaler Produktioun ausmaachen.
Déi Wëlzer an déi Dikrecher Brauerei hunn e Musée iwwer d'Brauwiesen zu Lëtzebuerg opgemaach.
D'Patronatsorganisatioun vun de Brauer a Brauereien zu Lëtzebuerg ass d'Confédération des brasseries et des brasseurs du Luxembourg.
Zur Zäit vum Zollveräi goufen et zu Lëtzebuerg nach 45 Brauerei. Zesummen hu se 15.000 hl Béier produzéiert. Bei de meeschten huet et sech ëm kleng Brauereie gehandelt. Vill sinn der verschwonnen oder hu fusionéiert, fir kënnen z'iwwerliewen. D'Konkurrenz vum niddergärege Béier, deen am Zollveräin aus Däitschland importéiert ginn ass, huet d'Brauereien dozou bruecht, hir Produktioun op niddergärege Béier ëmzestellen. Dunn ass hir Produktioun eropgaangen a war 1860 mat 30.000 hl duebel sou héich wéi 1840.
1872 waren nach 32 Brauereien zu Lëtzebuerg an 1879 waren et der nach 22. D'Fusiounswell ass awer virugaangen. 1900 hunn nach 12 Brauereie bestanen, si hunn iwwer 180.000 hl Béier gebraut. Nom Paul Weber, fréieren Direkter vun der Handelskummer, hu se dunn 250 Aarbechter an 200 Päerd beschäftegt.
2001 huet d'EU-Kommissioun Geldstrofe vun am Ganze 448.000 Euro géint dräi deemoleg Brauereie verhaangen: d'Brasserie nationale, d'Brasserie de Wiltz an d'Brasserie Battin. Si haten tëscht 1985 an 2000 e Kartell forméiert fir sech de Maart vum Béier zu Lëtzebuerg ze deelen a sou ze verhënneren, datt auslännesche Béier an d'Land kënnt. Déi véiert Brauerei aus dem Kartell, d'Brasserie de Luxembourg, krut keng Geldstrof well se déi aner bei der EU-Kommissioun verroden huet.
2013 hunn d'Brauereien zu Lëtzebuerg eng 360 Leit beschäftegt an en Total vun 289.270 Hektoliter produzéiert. Par Rapport zu 2012 ass dat e Réckgang vu 4,50 % (oder enger 13.300 hl). Am Joer 2000 louch d'Produktioun nach bei 440.000 Hektoliter. Si produzéieren 9 verschidde Marken, mat am Ganzen 33 verschiddenen Zorte Béier.
De haitege Quartier Clausen an der Stad Lëtzebuerg gëtt gären als „Wéi vun der Lëtzebuerger Braukonscht“ bezeechent.
Den éischte Béier zu Lëtzebuerg gouf ëm 1300 an der Almënsterabtei a Clause gebraut. D'Pateren hunn op hire Stécker Fruucht a méi spéit och Happ ugebaut dee se gebraucht hu fir Béier ze maachen. D'Käre sinn an de Mille laanscht der Uelzecht gemuel ginn.
Wéi d'Klouschter no 1543 zerstéiert gouf, si just d'Millen an d'Brauerei laanscht der Uelzecht stoe bliwwen. D'Recht fir ze muelen an ze brauen ass vun de Pateren a Privathänn gefall an et gouf weiderhin a Clause Béier gebraut.
De 17. Dezember 1825 ass de Michel Mousel-Mousel Proprietär vun der Brauerei ginn. No sengem Doud (1845) huet säi Fils Jacob se geierft.
D'Brauerei déi mëttlerweil ënnert dem Numm « Brasserie française et à vapeur Mousel-Trierweiler » fonctionéiert huet, gouf nodeems de Jacob 1856 gestuerwe war, vu sengem eelste Bouf a spéidere Buergermeeschter vun der Stad, Émile Mousel iwwerholl.
Den Albert Mousel, en anere Brauer a Clausen a Brudder vum Émile, huet 1885 mat sengem Brudder fusionéiert a sou ass d'« Brasserie Mousel Frères » entstanen. Nom Doud vum Albert huet den Numm nees changéiert an d'Brauerei ass bis 1911 als « Brasserie Emile Mousel & Cie » weidergefouert ginn, ier se dunn d'« Brasserie de Luxembourg » ginn ass.
D'« Brasserie de Luxembourg » hirersäits huet am Laf vun de Jore follgend Brauereien iwwerholl:
ier se dunn 1971 mat der « Brasserie de Clausen » fusionéiert huet. Aus der Fusioun ass schlussendlech d'SA « Brasseries Réunies de Luxembourg Mousel et Clausen » entstanen.
D'Gebaier vun der « Brasserie de Clausen » sinn 1985 ofgerappt ginn.
Wéi dem Mansfeld säi Schlass zerstéiert gouf, ass just d'Brauerei stoe bliwwen. D'Gebai ass bis zur Franséischer Revolutioun vum Däitschen Uerde benotzt ginn. 1757 huet den Hubert Thyes et gelount.
Nodeems dem Däitschen Uerde seng Gebailechkeeten an der Zäit vun Directoire zum Bien national deklaréiert goufen, si se den 19. Juni 1798 fir 1.400.500 francs un den Henri Thyes verkaaft ginn. Dee konnt déi gefrot Zomm awer net opdreiwen an d'Gebai koum 1800 op en neits an d'Stee. Déi Kéier huet dem Henri säi Bouf, Michel Thyes, et fir 303.000 francs kaaft. Méi spéit huet dem Michel säi Fils François et geierft. Nom fréien Doud vum François (18xx) huet seng Wittfra Odile Erdmer sech fir zweet bestuet, an zwar mam Brauer Philippe Funck, Fils vum Brauer Henri Funck-Linden aus dem Gronn. Zesummen hunn sinn 1850 d'„Brauerei Funck-Erdemer“ gegrënnt.
Et gouf um Terrain vum fréiere Mansfeld-Schlass nach eng weider Brauerei. Se stoung nieft der Kierch, ongeféier do, wou haut d'Rue de la Malterie ass.
Am Joer 1656 gouf se vum Dominique Feller bedriwwen. Méi spéit, uganks vum 19. Joerhonnert huet se der Famill Duchamps gehéiert.
1824 gouf d'« Brassereie du Parc » vum Nicolas Funck iwwerholl a méi spéit vu Pierre Funck-Duchamps. Déi Zwéi ware d'Bouwe vum Grënnesche Brauer Henri Funck-Linden. Nodeems de Pierre a Pensioun goung, huet hien dem Albert Mousel-Knebgen, Brudder vum Émile Mousel, d'Brauerei verlount. 1885 huet den Albert d'Brauerei opginn a mat sengem Brudder fusionéiert.
An der Lëscht vun de Clausener Awunner vun 1836 gëtt nach en anere Brauer opgezielt, e gewëssenen Zimmer-Wurth. Hien huet am Scheitlesch Gaart gebraut, ier e seng Brauerei 1840 zougemaach huet.
Eng kuerz Zäit laang – an der Zäit ëm 1880 – gouf et nach d'Brauerei Loosé, déi an engem Hannerhaff bei der aler Uelzechtbréck fonctionéiert huet.
Brauerei | Kategorie | Uertschaft | Bemierkung |
---|---|---|---|
Luxembourg, Brasserie de | industriell | Dikrech | gouf 1871 gegrënnt an huet hire Sëtz zu Dikrech. Si braut d'Marken „Diekirch“ a „Mousel“. 2002 gouf si vun der belscher Interbrew opkaaft, déi spéider an der weltwäit gréisster Brauereisgrupp Anheuser-Busch InBev opgaangen ass. Si huet 2010 proposéiert, d'Produktioun vun de lëtzebuergesche Béierzorten um Dikrecher Site anzestellen an an d'Belsch ze verleeën. Dëse Plang konnt awer verhënnert ginn |
Nationale, Brasserie | industriell | Nidderkäerjeng | 1975 zu Nidderkäerjeng aus der Fusioun vun de Brauereie Bofferding a Funck-Bricher entstanen; 2004 koum nach d'Brasserie Battin derbäi; braut d'Marke „Bofferding“ a „Battin“ |
Simon, Brasserie | industriell | Wolz | déi klengst vun den dräi grousse Brauereien. De Familljebetrib gouf 1824 zu Wolz gegrënnt a produzéiert d'Marke „Simon Pils“ an zanter 2007 „Okult“, nodeems se d'Ourdaller Brauerei iwwerholl huet |
Béierhaascht, Brasserie | mikro | Nidderkäerjeng | Mikrobrauerei vu Käerjeng, déi d'Mark „Béierhaascht“ braut |
Den Heischter | mikro | Heischent | 2008 gegrënnt; braut d'Marken „Den Heischter“ a „Mockelchen“ |
Echternacher Brauerei | mikro | Bech | 2016 gegrënnt, braut den „EB Hellen“ an der aler Gare zu Bech |
Fox Beer | mikro | Lëtzebuerg | 2016 gegrënnt; produzéiert Béier mat niddrege Kalorien- a Kuelenhydratwäerter |
Grand Brewing Luxembourg | mikro | Lëtzebuerg | 2014 als Capital City Brewing Co vun engem Neiséilänner gegrënnt, 2016 an Grand Brewing Luxembourg ëmgenannt. Huet d'Marke „Red Bridge Amber Ale“, „Satellite I.P.A.“, „Golden Lady Pilsner“ a „Black Jack Porter“ produzéiert; aktuell drop spezialiséiert fir Béier a Béchsen ze fëllen. |
Lëtzebuerger Stad Brauerei | mikro | Lëtzebuerg-Clausen | produzéiert zënter 2007 de Béier „Clausel“ a Clausen |
Ourdaller Brauerei | mikro | Hengescht | Mikrobrauerei, déi den „Ourdaller Wäissen“ an „Ourdaller Wëllen“ produzéiert. Si gouf 2006 vun der Brasserie Simon opkaaft, mä d'Produktioun leeft weider um Cornelyshaff zu Hengescht |
Stuff Brauerei | mikro | Steesel | 2015 gegrënnt; produzéiert d'Marken „Black Widow“, „Knights in White Satin“, „Revolution IPA“, „Grande Ducale“, „Zingy“, „Mellis“, „Brewing Botanist“, „Kropemann Apple“, „Mary Jade“ |
Brauerei | Uertschaft | Bemierkung |
---|---|---|
Apel | Ettelbréck | keng Detailer bekannt |
Artisanale de Redange, Brasserie | Réiden op der Atert | huet vun 1999 bis 2006 existéiert, |
Assel-Koll | Konsdref | keng Detailer bekannt |
Atten J. P. | Ettelbréck | keng Detailer bekannt |
Battin | Esch-Uelzecht | 1937 gegrënnt; uganks 2000er Jore vu Brasserie Bofferding opkaaft |
Bavaroise, Société de brasserie | Dikrech | 1880 iwwerholl vun der « Union industrielle des Deux-Luxembourg » |
Bernard Joseph | Lëtzebuerg-Lampertsbierg | 1910er Joren; D'Marque Brasserie du Limpertsberg gouf 1913 vum Joseph Bernard ugemellt |
Bernhard von Metzenhausen | Buerglënster | |
Beving-Molitor | Lëtzebuerg-Gronn | |
Bofferding | Nidderkäerjeng | 1975 mat der Brasserie Funck-Bricher zur Brasserie nationale fusionéiert |
Brems N. | Iechternach | 1870er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Claudon | Ettelbréck | keng Detailer bekannt |
Clausen, Brasserie de | Lëtzebuerg-Clausen | 1563 vum Péiter Ernest vu Mansfeld gegrënnt, Brasserie du Prince de Mansfeld, 1850 Funck - Erdner, 1920 Brasserie de Clausen. Weider Detailer ënnert „D'Brauereien a Clausen – Mousel“ am Kapitel hei driwwer. |
Cornely L. | Hengescht | |
Deloos-Klein | Lëtzebuerg-Hollerech | 1866 versteet |
De Lannoy, Brahaus | Klierf | 1731 gegrënnt, géint 1850 Produktiounsstop |
Diekirch, Brasserie par actions de | Dikrech | 1871 gegrënnt; hautdesdaags an der Brauereisgrupp Anheuser-Busch InBev dran |
Diener N. | Rouderssen | |
Dieschburg | Iechternach | 1850er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Dondelinger P. | Bettenduerf | keng Detailer bekannt |
Drüssel | Dikrech | 1724 gegrënnt; 1871 vun der « Brasserie par actions de Diekirch » iwwerholl |
Dudelange, Brasserie de | Diddeleng | huet tëscht 1937 an 1964 existéiert |
Duprel | Ierpeldeng | keng Detailer bekannt |
Duscherer-Lies | Réiden op der Atert | |
Erpelding Josef Baptist | Iechternach | 1840er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Eich, Brasserie d' | Lëtzebuerg-Eech | 1728 gegrënnt, 1861 vum Théodoire Gansen iwwerholl, 1951 vun der Mousels Brauerei iwwerholl; 1958 ofgerappt |
Esch, Brasserie d' | Esch-Uelzecht | 1894 als Brauerei Buchholtz gegrënnt, 1934 a Brasserie d'Esch ëmbenannt, 1969 Produktiounsstop |
Esconnier-Molitor Martin | Lëtzebuerg-Gronn | 1688 am Biisserwee gegrënnt, 1825 zougemaach |
Everling August | Iechternach | 1860er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Felten Adolf | Ettelbréck | keng Detailer bekannt |
Föhr J. | Iechternach | 1850er Joren; weider keng Detailer bekannt |
François M. | Wolz | |
Funck-Bricher | Lëtzebuerg-Gronn | 1764 gegrënnt, 1975 mat Bofferding fusionéiert |
Funck-Dumoulin | Déifferdeng | keng Detailer bekannt |
Funck-Erdemer | Lëtzebuerg-Clausen | Mansfeld-Brauerei |
Funck-Nouveau | Lëtzebuerg-Pafendall | |
Funck Henri | Lëtzebuerg-Neiduerf | 1864 gegrënnt, 1982 vun de Brasseries Réunies de Luxembourg, Mousel et Clausen opkaaft, 1983 Produktiounsstop |
Gaasch | Konsdref | 1828 gegrënnt |
Gansen-Fisch Théodore | Fiels | Grënnungsdatum net bekannt, huet 1861(?) d'Brasserie d'Eich iwwerholl |
Glaesener Ch. | Groussbus | keng Detailer bekannt |
Gräfliche von Berlaimont'sche Bierbrauerei | Klierf | |
Greisch-Keller N. | Esch-Sauer | keng Detailer bekannt |
Grill J. | Rëmeleng | |
Gruber | Wolz | 1838 gegrënnt, 1956 vun der Brasserie Mousel opkaaft ginn, 1969 Produktiounsstopp |
Gruber A. | Veianen | |
Grünewald | Hesper | 1790er Joren, weider keng Detailer bekannt |
Herkmann | Ettelbréck | keng Detailer bekannt |
Hochmuth N. | Lëtzebuerg-Pafendall | |
Hollerich, Brasserie de | Lëtzebuerg-Hollerech | 1853 gegrënnt, 1903 Faillite |
Hontheim J. | Dikrech | 1850er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Huber-Steffens L. | Iechternach | Produktioun bis géint 1871 |
Ketzer Carl, Baierische Bierbrauerei | Iechternach | 1880er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Kirpach J. | Mompech | keng Detailer bekannt |
Klein J. B. | Fréiseng | 1850er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Kleyer Franz | Hesper | uganks 19. Joerhonnert |
Knepper | Peppeng | |
Koch S. | Useldeng | |
Koch W. | Veianen | |
Kries & Kilp | Iechternach | keng Detailer bekannt |
Kron H. | Gréiwemaacher | 1850er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Limpach | Lëtzebuerg | |
Loosé | Lëtzebuerg-Clausen | ëm 1880 |
Meder-Gengler | Ettelbréck | keng Detailer bekannt |
Molitor J. P. | Sandweiler | |
Moser André | Dikrech | Produktioun bis viru Mäerz 1880 |
Mousel | Lëtzebuerg-Clausen | 1825 gegrënnt, 2000 an der Brasserie de Luxembourg opgaang |
Neumann | Wäiswampech | |
Pastoret Antoine | Biissen | 1860er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Printz | ||
Remacle Jean | Hesper | 1780er Joren an der Hesper Bannmillen, |
Schlesser | Biebereg | 1860er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Schmit-Gengler Jean-Pierre | Ettelbréck | 1860er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Schneiders Nic | Iechternach | 1870er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Schroeder J. | Biekerech | keng Detailer bekannt |
Schweisthal François | Biebereg | ëm 1834 gegrënnt |
Servais Philippe | Miersch | 1792 gegrënnt, weider keng Detailer bekannt |
Steichen Nicolas | Fiels | 1870er Joren, 1890 zou gemaach, 1893 vun der Dikrecher Brauerei iwwerholl |
Steinborn M. | Dikrech | keng Detailer bekannt |
Thiel | Iechternach | keng Detailer bekannt |
Thinnes Mathias | Nidderaanwen | 1858 verkaaft |
Treinen F. | Uewerkäerjeng | an der Uewerkäerjenger Millen, gouf 1864 verkaaft |
Tschiderer Arnould | Fiels | 1850er Joren, 1890 Produktioun agestallt |
Wantz / Mathay | Angelduerf | keng Detailer bekannt |
Weydert-Linden Nicolas | Fiels | 1860er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Witry Michel | Iechternach | 1870er Joren; weider keng Detailer bekannt |
Würflinger J. | Dikrech | 1890er Jore bis uganks 1910er Joren; virdrunn M. Wolfsteiner |
Zimmer-Wurth | Lëtzebuerg-Clausen | Au Jardin de Scheitler, gegrënnt 1836 |
(Verschidde Brauereien, vun deenen den Numm net bekannt ass) | Buerglënster, Buerschent, Munneref, Réimech, Simmer |
Ausdréck aus dem Brauwiese fanne mer am Lëtzebuerger Sproochgebrauch.
Commons: Brauereien zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |