Liter

De Liter ass eng Moosseenheet fir de Volumen a gëtt als L oder l ofgekierzt.

D'SI-Eenheet fir de Volumen ass de Kubikmeter (m³), d'Formelzeechen ass V. De Liter gehéiert zwar net zum internationalen Eenheetesystem (SI), ass awer fir de Gebrauch mam SI zougelooss. Doduerch ass de Liter eng gesetzlech Moosseenheet.

Ee Liter entsprécht engem Kubikdezimeter (1 l = 0,001 m³ = 1 dm³). E Wierfel mat enger Kantelängt vun 10 cm (=1 dm) huet deemno e Volume vun engem Liter.

Déi gängegst ofgeleete Moosseenheete vum Liter sinn:

Moosseenheet Konversiounen
Mikroliter 1 µl = 1 mm³ = 10−6 l
Milliliter 1 ml = 1 cm³ = 1 „ccm“ = 1 „cc“ = 0,001 l = 1*10−6
Centiliter 1 cl = 0,01 l = 10 ml
Deziliter 1 dl = 0,1 l = 100 ml
Liter 1 l = 1 dm³ = 10 dl = 100 cl = 1000 ml
Dekaliter 1 dal = 10 l = 10 dm³
Hektoliter 1 hl = 100 l = 100 dm³

Referenzen

  1. „SI–Broschüre“: „Das Internationale Einheitensystem” (Physikalisch-Technische Bundesanstalt: PTB-Mitteilungen 117 (2007), Heft 2)
  2. opgrond vun der EU-Direktiv 80/181/EWG