De Pedersoli ass als éischten Italieener d'100 Meter Nage libre ënnert enger Minutt geschwommen, huet 10 Joer hannerteneen a verschiddenen Disziplinnen d'italieenesch Schwammchampionater gewonnen, war Member vun der italieenescher Waasserballnationalekipp a war 1952 bei den Olympesche Spiller zu Helsinki an 1956 bei deenen zu Melbourne dobäi.
Bekannt gouf e virun allem ënner sengem PseudonymBud Spencer, als Komikerduo zesumme mam Terence Hill, an enger ganzer Rëtsch vun Abenteuer- a Westernkaméidisfilmer mat opwänneg inszenéierte Kläppereien an den 1970er an 1980er Joren, ma och a méi seriéisen Italowestern.
Hien hat Droit studéiert, huet tëscht 1960 an 1964 als Komponist vun neapolitanesche Lidder a Lidder fir Schlagersängerinne wéi d'Rita Pavone komponéiert, an ass och mat selwerkomponéierte Lidder woubäi e sech op der Gittar begleet huet, op Tournée gaangen. 1965 huet en eng eege Produktionsgesellschaft vun Déierendocumentairë gegrënnt.
Ausserdeem hat hien e puer Patenter ugemellt, dorënner eent fir e Juegdgewier mat dräi Leef, an eent fir e speziellt Diereschlass.
1979: Das Krokodil und sein Nilpferd (Io sto con gli ippopotami)
Autobiographien
(däitsch Iwwersetzungen)
Bud Spencer: Mein Leben, meine Filme. Die Autobiografie. Aus dem Italienischen von Leo Schmidt, Schwarzkopf & Schwarzkopf, Berlin 2011, ISBN 978-3-86265-041-5.
Bud Spencer: In achtzig Jahren um die Welt. Der zweite Teil meiner Autobiografie. Aus dem Italienischen von Marion Oechsler, Schwarzkopf & Schwarzkopf, Berlin 2012, ISBN 978-3-86265-107-8.
mam Lorenzo De Lucas: Was ich euch noch sagen wollte ..., aus dem Italienischen von Johannes Hampel, Schwarzkopf & Schwarzkopf, Berlin 2016, ISBN 978-3-86265-529-8.
Literatur
Christian Heger: Die rechte und die linke Hand der Parodie. Bud Spencer, Terence Hill und ihre Filme. Schüren, Marburg 2009, ISBN 978-3-89472-664-5 (Magisterarbeit, Johannes Gutenberg-Universität, Mainz 2005).
Tobias Hohmann: Terence Hill - Bud Spencer Chronicles. Zwei Himmelhunde mit vier Fäusten. MPW Medien-, Publikations- und Werbegesellschaft Knorr Martens, Hille 2010, ISBN 978-3-931608-98-9.
Thomas Jeier: Bud Spencer & Terence Hill. Heyne Verlag, München 1980, ISBN 3-453-01183-X.
Dirk Manthey (Hrsg.): Bud Spencer. Sein Leben und seine Filme. Zweiter Kino Verlag, Hamburg 1981, ISBN 3-88724-001-4.
Marc Halupczok: Bud Spencer, Terence Hill. 4 Fäuste sind einfach nicht zu bremsen. UBooks, Mossautal 2012, ISBN 978-3-939239-47-5.