Claude Michely

Claude Michely
Gebuer 8. Oktober 1959
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 1. November 2023
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler, Cyclocrossfuerer

De Claude Michely, gebuer den 8. Oktober 1959 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 1. November 2023, war e lëtzebuergesche Vëlossportler.

1984 ass hien am Giro d'Italia matgefuer, huet 1985 un der spuenescher Vuelta deelgeholl a gouf am selwechte Joer den 3. op der Cyclocross-Weltmeeschterschaft zu München. Fir seng Leeschtung dat Joer, gouf hien zum Sportler vum Joer gewielt.

De Claude Michely ass um nationale Plang mat zwielef Landesmeeschtertitelen hannereneen den erfollegräichste Cyclocrossfuerer.

De Michely war vun 1982 bis 1992 als Profi aktiv an ass a sechs Ekippe gefuer.

De Claude Michely, Jong vum Vëlossportler Johny Michely, ass op Allerhellegen 2023 wärend engem Vëlostour un engem Häerzschlag gestuerwen.

Palmarès

1978

1979

  • 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross

1980

  • 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross

1981

  • 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross

1982

  • 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross

1983

  • 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross

1984

1985

1986

  • 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross

1987

  • 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
  • 10. Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross zu Mlada Boleslav (Tch)
  • 2. Lëtzebuerger Championnat op der Strooss

1988

  • 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
  • 2. Lëtzebuerger Championnat op der Strooss

1989

  • 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross

1990

  • 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross

1991

  • 2. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross

1992

  • 2. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross

1995

  • 2. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross

1995

  • 2. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross

Kuckt och

Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Raymond Conzemius 1985 Fonsy Grethen


Referenzen an Notten

  1. (de)Radsport-Szene trauert um Claude Michely. luxemburger-wort-online (2023-11-01). Gekuckt de(n) 2023-11-01.
  2. (lb)RIP: Claude Michely am Alter vu 64 Joer gestuerwen. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-01.