D. H. Lawrence | |
---|---|
Gebuertsnumm | David Herbert Richards Lawrence |
Pseudonym | Lawrence H. Davison |
Gebuer | 11. September 1885 |
Gestuerwen |
2. Mäerz 1930 Vence |
Doudesursaach | Tuberkulos |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Universitéit vu London |
Aktivitéit | Dramatiker, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Dichter, Romancier, Moler, Dréibuchauteur, Literaturkritiker |
Famill | |
Bestuet mat | Frieda von Richthofen |
Den David Herbert Lawrence, gebuer den 11. September 1885 zu Eastwood, am Nottinghamshire, a gestuerwen den 2. Mäerz 1930 zu Vence, a Frankräich, war en englesche Schrëftsteller.
De Lawrence huet nieft Romaner och Gedichter, Essayen, Reesreportagen an Texter fir Theaterstécker geschriwwen. Ausserdeem huet hie vun 1926 u gemoolt. Vill vu senge Wierker hunn en autobiographesche Bezuch an thematiséieren d'Relatiounen tëscht Mann a Fra. Well hien dem Eroteschen a Sexuellen an de Bezéiungen eng wichteg Roll zougemooss huet, an dat och geschriwwen huet, ware seng Wierker z. D. staark kontroverséiert a goufe souguer verbueden, well se onmoralesch wieren. Seng bekanntst Romaner si Sons and Lovers a Lady Chatterley's Lover, wourann et ëm eng onglécklech bestuete Fra geet, déi hiert heemlecht Gléck bei engem Bëschaarbechter fënnt.
Hien ass mat 44 Joer un Tuberkulos gestuerwen.
Commons: D. H. Lawrence – Biller, Videoen oder Audiodateien |