Departement Charente

Charente (16)
Regioun Nei-Aquitaine
Prefecture Angoulême
Ënnerprefecture Cognac
Confolens
Bevëlkerung 339 628 Aw.(1999)
Fläch 5 956 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 19
Gemengen 394

D'Charente (16) ass e franséischt Departement an der Regioun Nei-Aquitaine. Et krut säin Numm duerch de Floss Charente deen derduerch fléisst.

Geschicht

D'Departement gouf wärend der franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 iwwer d'Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaf..

D'Charente ass zanter dem Paleolithikum bevëlkert .

Am Zweete Weltkrich war d'Charente duerch d'Demarkatiounslinn an zwee gespléckt: am Westen déi besat Zon an am Osten déi fräi Zon. Dat erkläert firwat do d'Resistenzorganisatioune sou fréi funktionéiert hunn.

Geographie

D'Charente grenzt un d'Departementer Vienne, Haute-Vienne, Dordogne, Charente-Maritime an Deux-Sèvres.

Bevëlkerung

D'Bevëlkerungszuel läit zanter dem Ufank vum 19. Joerhonnert ëm 340.000 Awunner, allerdéngs lieft haut en Drëttel vun den Awunner am Groussraum Angoulème.

Perséinlechkeeten aus der Charente

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: D'Charente – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "la Charente de la préhistoire à nos jours",Ed Bordessoules, 1986, ISBN 2-903504-21-0
  2. A. Debenath, J.F. Tournepiche, "Néandertal en Poitou-Charentes", Association régionale des musées en Poitou-Charentes.
  3. "Le maquis charentais Bir Hacheim", Raymond Troussard,1981, SAJIC Angoulême, dépôt légal n°1455