Educatioun oder Pedagogik (v. griich. παιδαγογια, vu παιδος (paidos) Kand an αγω féieren, grousszéien) befaasst sech mat der Erzéiung an der Bildung. Si soll virun allem mat systematesche Fuerschungsmethode schaffen, fir Erkenntnesser iwwer d'Erzéiungsprozesser ze kréien an och zur Bildung bäizedroen.
Beim Erzéiungsprozess gi Kanner a Jugendlecher duerch déi pedagogesch Verantwortlech (Elteren, Erzéier, Schoulmeeschteren a Professeren) an d'Welt vun den Erwuessenen agefouert. De Jonktem léiert dobäi Reegelen, Normen a Behuelen, mä och selbststännegt Denken an Handelen.
De modernen a ganzheetleche Bildungsbegrëff dogéint steet fir de liewenslaangen Entwécklungsprozess vum Mënsch, bei deem e seng geeschteg, kulturell a liewenspraktesch Fäegkeeten a seng personal a sozial Kompetenzen erweidert.
Erzéiung kënnt vu baussen - de Bildungsprozess awer ass e selbstännege Prozess, dee vu banne kënnt an op d'Erzéiung opbaut. Wichteg Faktore bei der Educatioun sinn d'Natur, d'Gesellschaft an den Individuum selwer.
Disziplinne wéi d'Soziologie an d'Psychologie spille bei der Educatioun eng grouss Roll.
Geschicht
Literatur
Histoire de l'enseignement et de l'éducation ; 4 Bänn; Paräis (Perrin / tempus-Täschebicher), 2003-2004 (Originalausgab: 1981):
Françoise Mayeur, L'éducation des filles en France au XIXe siècle ; Paräis (Perrin / tempus-Täschebuch), 2008 (Originalausgab: 1979); ISBN 978-2-262-02775-9