Fausto Tozzi

Fausto Tozzi
Gebuer 29. Oktober 1921
Roum
Gestuerwen 10. Dezember 1978
Roum
Doudesursaach Longenemphysem
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Filmregisseur

De Fausto Tozzi, gebuer den 29. Oktober 1921 zu Roum an och do gestuerwen den 10. Dezember 1978, war en italieenesche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Am Joer 1946 huet de Fausto Tozzi säin éischt Dréibuch fir de Film Mio figlio professore, vum Renato Castellani geschriwwen. Vun 1951 u war hien awer besonnesch als Schauspiller a villen italieeneschen an internationale Filmer ze gesinn.

Bedeitend Filmer mat him sinn am Joer 1961 El Cid vum Anthony Mann mam Charlton Heston a Sophia Loren, dann 1964 nom Theaterstéck Der Besuch der alten Dame vum Friedrich Dürrenmatt, The Visit ënner der Regie vum Bernhard Wicki mam Ingrid Bergman an Anthony Quinn an 1965 den historesche Film iwwer den italieenesche Kënschtler Michelangelo, The Agony and the Ecstasy vum Carol Reed mam Charlton Heston a Rex Harrison.

Filmographie

Kino

als Regisseur

als Dréibuchauteur

als Schauspiller

vun 1951 bis 1959
vun 1960 bis 1969
vun 1970 bis 1979

Um Spaweck