D'Immatrikulatioun (och nach Umeldung) ass eng administrativ Demarche fir datt e Gefier op der ëffentlecher Strooss fueren däerf.
All Stroossegefier ((fr) véhicule routier) dat enger Persoun gehéiert déi zu Lëtzebuerg wunnt oder do hire Sëtz huet, däerf just op der ëffentlecher Strooss fueren, wann et administrativ ugemellt ass an e gëltegen Umeldungszertifikat ((fr) Certificat d'immatriculation fréier: Gro Kaart) huet.
Deejéinegen, deen d'Gefier umelle wëllt, muss eng schrëftlech Demande maachen a verschidden Dokumenter derbäileeën. Op der Basis vun engem gëltegen europäeschen oder nationale Konformitéitszertifikat ((fr) Certificat de conformité) vum Gefier, an nodeems déi entspriechend Tax bezuelt gouf, stellt d'SNCA den Zertifikat där Persoun, déi als Titulaire vum Umeldungszertifikat definéiert ass, aus.
E Gefier gëllt als ugemellt (immatrikuléiert), wann et en Nummereschëld an en Umeldungszertifikat huet. Am Artikel 2, Punkt 4.3 b) vum Code de la route steet:
Immatriculation d'un véhicule routier : l'autorisation administrative accordée suite à une demande d'inscription sur un certificat d'immatriculation en vue de la mise en circulation d'un véhicule, comportant1. l'attribution au titulaire du certificat d'immatriculation d'un numéro d'immatriculation,
2. la délivrance pour ce véhicule d'un certificat d'immatriculation ainsi que pour les véhicules routiers non soumis au contrôle technique périodique, d'une vignette de conformité.
Den Umeldungszertifikat besteet aus dem groen Deel I an dem gielen Deel II. Op béiden Deeler stinn op d'mannst follgend Informatiounen:
Rubrik | Definitioun | Deel I | Deel II |
---|---|---|---|
A | Plackennummer | ||
B | Datum wéini d'Gefier fir d'éischt a Betrib geholl gouf | ||
C.1.1 | Numm oder Bezeechnung vum Titulaire vum Umeldungszertifikat | ||
C.1.2 | Virnumm … | ||
C.1.3 | Adress … | ||
Donnéeë vum Gefier | |||
D.1 | Mark | ||
D.3 | Kommerziell Bezeechnung | ||
E | Identifikatiounsnummer (VIN) | ||
F.2 | Héchstgewiicht dat erlaabt ass | ||
G | Gewiicht vum eidele Gefier | ||
I | Datum vun der aktueller Immatrikulatioun | ||
J | Kategorie | ||
L | Zuel vun den Achsen | ||
P.3 | Dreifstoffzort oder Energiequell | ||
Q
r|Leeschtungsgewiicht (kW / kg) |
|||
S.1 | Zuel vun de Sëtzplazen (mam Chauffer) | ||
Z.1 | Form vun der Karosserie |
Jee nodeems, kënnen nach ë. a. follgend Informatiounen op engem oder den zwéin Deeler vum Zertifikat drop stoen: Donnéeë vum Proprietär oder Detenteur vum Gefier, maximal erlaabt Gewiicht pro Achs, Hubraum (cm³), Leeschtung (kW), CO2-Ausstouss (g/km), asw.
Follgend Stroossegefierer brauche keen Umeldungszertifikat:
Verschidde vun de genannte Gefierer kréien eng Konformitéitsvignette ((fr) Vignette de conformité) fir op der ëffentlecher Strooss däerfen ze fueren.