Inselen iwwer dem Wand (Antillen) | |
---|---|
Geographie | |
Land | souveräne Staat, Frankräich, Vereenegt Kinnekräich, Holland, USA |
Läit an/am | Karibescht Mier |
Gehéiert zu | Kleng Antillen |
Koordinaten | 15°14'31"N, 61°40'37"W |
Verwaltung | |
Demographie | |
Aner Informatiounen | |
D'Inselen iwwer dem Wand sinn den nërdlechen Deel vun de Klengen Antillen.
Se leien am Karibesche Mier, an engem Bou dee sech vu Puerto Rico aus a Richtung Südosten zitt. Méi am Südweste leien d'Inselen ënner dem Wand.
Politesch gehéieren eng Rëtsch Inselen zu Frankräich, dem Vereenegte Kinnekräich, de Vereenegte Staaten oder zu Holland, déi aner bilden onofhängeg Staaten.
D'Bezeechnung „iwwer dem Wand“ gëtt an der Séimannssprooch gebraucht fir unzeginn, datt en Objet (an dësem Fall d'Insel) op der Säit läit, aus där de Wand bléist. D'Inselen iwwer dem Wand leien deemno am direkten Afloss vum Nordost-Passatwand deen an där Géigend bléist.
Am Däitsche schwätzt ee vun über dem Wind oder luvwärts, windward am Engleschen an au vent am Franséischen.
Kaart | Insel (Vun Norden no Süden) | Koordinaten | Fläch (km²) | Awunner |
---|---|---|---|---|
Brittesch Joffereninselen | 18° 26’ 42’’ N 64° 32’ 24’’ W | 151 | 39.369 | |
Amerikanesch Joffereninselen | 18° 19’ 59.99’’ N 64° 49’ 59.99’’ W | 346 | 104.917 | |
Anguilla | 18° 14’ 0’’ N 63° 03’ 0’’ W | 91 | 19.079 | |
Saint-Martin
mat Tintamarre |
18° 04’ 31’’ N 63° 03’ 36’’ W | 53,2 | 35.746 | |
Sint Maarten | 18° 01’ 55’’ N 63° 04’ 04’’ W | 34 | 43.847 | |
Saint-Barthélemy | 17° 53’ 51.82’’ N 62° 50’ 3.28’’ W | 24 | 10.124 | |
Saba | 17° 37’ 57’’ N 63° 14’ 15’’ W | 13 | 2.035 | |
Sint Eustatius | 17° 29’ 0’’ N 62° 58’ 0’’ W | 21 | 3.293 | |
Saint Kitts an Nevis | 17° 16’ 18’’ N 62° 40’ 0’’ W | 261 | 55.345 | |
Antigua a Barbuda | 17° 7’ 0’’ N 61° 51’ 0’’ W | 440,3 | 101.489 | |
Montserrat | 16° 45’ 0’’ N 62° 12’ 0’’ W | 102 | 5.440 | |
Guadeloupe mat La Désirade, Marie-Galante, Îles des Saintes |
16° 15’ 34.2’’ N 61° 33’ 37.8’’ W | 1.628 | 383.559 | |
Aves | 15° 40’ 07’’ N 63° 37’ 05’’ W | 0,0065 | --- | |
Dominica | 15° 25’ 0’’ N 61° 19’ 59.99’’ W | 751 | 74.656 |
Kaart | Insel (Vun Norden no Süden) | Koordinaten | Fläch (km²) | Awunner |
---|---|---|---|---|
Martinique | 14° 39’ 0’’ N 61° 0’ 54’’ W | 1.128 | 361.225 | |
Saint Lucia | 13° 53’ 0’’ N 60° 58’ 0’’ W | 617 | 167.591 | |
Barbados | 13° 10’ 12’’ N 59° 33’ 09’’ W | 439 | 303.431 | |
Saint Vincent an d'Grenadinnen | 13° 0’ 50’’ N 61° 13’ 46.6’’ W | 389 | 100.804 | |
Grenada | 12° 7’ 0’’ N 61° 40’ 0’’ W | 344 | 114.299 |
Commons: Inselen iwwer dem Wand (Antillen) – Biller, Videoen oder Audiodateien |