Kallektuff

Dëse Geologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kallektuffsteen
D'Pierre de cron zu Zowaasch

Kallektuff (och nach Dausch oder Dausteen) ass e jonkt, poréist, sekundäert Sediment.

Kallektuff entsteet do, wou mat Kallek iwwersiedegt Quellewaasser austrëtt an dann de Kallek precipitéiert a sech oflagert. Ë. a. am „Lexikon der Luxemburger Umgangssprache“ gouf emol behaapt, den Dausch wier duerch Vulkanismus entstanen, wat awer net stëmmt.

Beispiller vu sou Formatioune sinn déi sougenannt „Pierre de cron“ zu Zowaasch, vun där 1844, 1894 an och 1992 Stécker ofgebrach an an d'Strooss gefall sinn an de Gros Cron och Crânière genannt bei Tintigny an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Déi Plaze wou Kallektuff ofgelagert an deelweis exploitéiert gouf, ginn „Dauschkaul“ genannt. Zu Lëtzebuerg gëtt e zwéi Lieu-diten mat deem Numm: een zu Boufer an een zu Dummeldeng. Absënns zu Dummeldeng gouf den Dausch geholl fir d'Kierch an d'Schoul ze bauen. Déi gréisst bekannt Formatioun am Beneluxraum ass op der Belsch-hollännescher Grenz d'Montagne Saint-Pierre, wou haut nach am grousse Stil exploitéiert gëtt, a wou een och an den Uertschaften ronderëm e puer troglodytesch Plaze ka gesinn.

Referenzen an Notten

  1. Lemma „Dausteen“ am Lexikon der Luxemburger Umgangssprache
  2. « Pierre de cron » - der legendäre und rätselhafte Fels. DiffMag °08 15 by Ville de Differdange - Issuu. issuu.com (2015). Gekuckt de(n) 20.02.2022.
  3. Lemma „Dauschbur“ am „Luxemburger Wörterbuch