Katerina Sakellaropoulou | |
---|---|
Gebuer | 30. Mee 1956 |
Nationalitéit | Griicheland |
Educatioun |
Universitéit vun Athen, Universitéit Panthéon-Assas |
Aktivitéit | Riichter, Jurist, President |
Partei | Onofhängeg |
D'Katerina Sakellaropoulou (griichesch: Αικατερίνη Σακελλαροπούλου - Ekateríni Sakellaropoúlou), gebuer den 30. Mee 1956 zu Thessaloniki, ass eng griichesch Juristin an zanter dem 13. Mäerz 2020 Staatspresidentin vun der Helleenescher Republik.
Vun Oktober 2018 bis Januar 2020 war si Presidentin vum griichesche Staatsrot, dem ieweschte Verwaltungs- a Verfassungsgeriicht vum Land. Den 22. Januar 2020 gouf s'als Nofollgerin vum Prokopis Pavlopoulos gewielt.
Si gehéiert kenger Partei un an ass déi éischt Fra un der Spëtzt vum Land.
Commons: Katerina Sakellaropoulou – Biller, Videoen oder Audiodateien |