Kesi | |
---|---|
Gebuertsnumm | Oliver Kesi Chambuso |
Pseudonym | KESI |
Gebuer |
7. September 1992 Dänemark |
Nationalitéit | Dänemark |
Aktivitéit | Rapper |
De Kesi, gebuer als Oliver Chambuso de 7. September 1992, ass en dänesche Rapper.
Dem Kesi seng Mamm kënnt vu Sansibar (Tansania). Fir d'éischt war hien an engem Hip-Hop-Kollektiv mam Numm B.O.C. aktiv, deen aus dem Kopenhagener Quartier Nørrebro komm ass. Éischt gréisser Opmierksamkeet krut hien, wéi hien 2010 de Video Byen sover ("D'Stad schléift") op YouTube verëffentlecht huet, wouduerch hien e Kontrakt bei engem grousse Plackelabel konnt ënnerschreiwen. Seng éischt Single an den Charts war Slem dreng ("Béise Jong"), déi 2011 eng Woch op Plaz 10 stoung. D'Joer drop huet hie säin éischten Album Bomber over centrum an 2013 de Mixtape Ung hertug ("Jonken Herzog") verëffentlecht.
D'Lidd "Søvnløs" ("Ouni Schlof") vum Album Barn af byen ("Kand aus der Stad") war 2014/2015 16 Wochen an den däneschen Top 10, dovun eng Woch op der Nummer 1.
Joer | Album | Classement an Dänemark |
---|---|---|
2012 | Bomber over centrum | 9 |
2013 | Ung hertug (Mixtape) | 5 |
2015 | Barn af byen | 3 |
2020 | BO4L | 1 |
Joer | Album | Classement an Dänemark |
---|---|---|
2019 | 888 | 2 |
2020 | 72 Timer | 7 |
Auswiel u Singelen, déi vum Kesi eleng oder a Kollaboratioun mat anere Kënschtler verëffentlecht gouf, mat den Placéierungen an den dänesche Singlecharts.
Commons: Kesi – Biller, Videoen oder Audiodateien |