Kotteng

Kottengsknujel un enger Kottengsplanz.
Kottengsrecolt am Peru

Kotteng ass eng Naturfaser, déi de Som vun der Kottengsplanz entouréiert. Dës Fasere ginn a Fiedem ëmgewandelt, aus deene mëll, ootmungsfäeg Textilie gewieft ginn.

D'Planz u sech ass e Strauch, deen aus den tropeschen a subtropesche Regioune vun der Welt kënnt, dorënner Amerika, Afrika an Indien. Déi gréisst Diversitéit u wëlle Kottengsaarte fënnt een a Mexiko, Australien an Afrika. Kotteng gouf onofhängeg vuneneen an der aler an an der neier Welt kultivéiert. D'Wuert Kotteng kënnt vum Arabeschen (al) quṭn قُطْن.

Weltwäit ginn all Joer ëm déi 25 Milliounen Tonne Kotteng produzéiert. China, Brasilien, Indien, Pakistan, d'USA an Usbekistan produzéieren eleng 80% vun der Weltproduktioun. De gréissten Importateur ass China, de gréissten Exportateur sinn d'USA.

Referenzen

  1. Metcalf, Allan A. (1999). The World in So Many Words. Houghton Mifflin. p. 123. ISBN 0-395-95920-9.
  2. http://www.naturalfibres2009.org/en/fibres/cotton.html