Liepāja (Däitsch Libau, Polnesch Lipawa, Russesch Либава (Libawa) oder Лиепая (Liepaja), Jiddesch: ליבאַװע (Libave)) ass eng Stad a Lettland. Et ass, mat 78.144 Awunner (Stand 1. Januar 2016), déi drëttgréisste Stad am Land an e wichtegen Hafen um Baltesche Mier, deen net zoufréiert. Liepāja läit an der Regioun Kurland (Kurzeme), 223 Kilometer westlech vu Riga.
D'Stad ass aus engem klenge kuresche Fëscherduerf entstanen, un der Mëndung vun der Līva; se gouf eng éischt Kéier als Lyva am Joer 1253 ernimmt. Zanter 1560 ass den Numm Libau resp. Liepāja dokumentéiert. 1625 huet den Herzog Friedrich von Kettler vu Kurland hir d'Stadrechter ginn déi 1626 duerch de Kinnek Sigismund III. Wasa vu Polen confirméiert goufen).
Liepāja huet zwéin Häfen, en Handels- an e Krichshafen Karosta. Dësen huet eng wichteg Roll am Éischten an am Zweete Weltkrich gespillt an och, als Marinn-Posten, an der Zäit vun der Besatzung duerch d'Sowjetunioun.
Kuckeswäert ass d'Alstad mam ale Quartier vun de Späicheren, d'Dünen-Plage an och:
Commons: Liepaja – Biller, Videoen oder Audiodateien |