Dësen Artikel beschäftegt sech mat der griichescher Regioun Makedonien. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Makedonien. |
Makedonien Μακεδονία | ||||||||
| ||||||||
| ||||||||
Land: | Griicheland | |||||||
Haaptstad: | Thessaloniki | |||||||
Verwaltungsbezierker: | Westmakedonien Zentralmakedonien Ostmakedonien | |||||||
Bevëlkerung: | 2,492,232 (2001 Zensus) 2,625,681(Schätzung) | |||||||
Fläch: | 34,177 km² | |||||||
Bevëlkerungsdicht: | 77 Aw./km² | |||||||
Um Spaweck: | Ministère fir Makedonien an Thrakien | |||||||
|
Makedonien (Μακεδονία / Makedonía) ass déi gréisst griichesch Regioun mat 34.177 km² an 2.625.681 Awunner (2006).
Haaptstad an och gréisst Stad vu Makedonien ass Thessaloniki.
Hautdesdaags läit déi griichesch Regioun Makedonien an dat aalt Kinnekräich Makedonien am Nordoste vu Griicheland.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kinnekräich Makedonien.
D'Kinnekräich Makedonien war en antike griichesch Staat op der Balkanhallefinsel, deen tëscht der Mëtt vum 7. Joerhonnert an 168 v. Chr. existéiert huet.
Nom Alexander dem Grousse war Makedonien den Urspronk vun der Expansioun vum Hellenismus an Asien um Enn vum 4. Joerhonnert v. Chr.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Kinneke vu Makedonien.
Déi antik Makedonier hu scho virum Klasseschen Zäitalter am Süde vu Makedonien gewunnt. Den éischte makedonesche Staat ass am 8./7. Joerhonnert v. Chr. ënner den Argeaden entstanen. Als éischte Kinnek gouf de Perdikkas I. notéiert. An der Zäit vum Alexander I. vu Makedonien huet d'Land eng Expansioun an Eordaia, Bottiaia, Pieria, Mygdonia an Almopia materlieft. An der Géigend vun der moderner Stad Veria huet de Perdikkas I. (oder säi Jong Argaios I.) seng Haaptstad Aigai baue gelooss (dat haitegt Vergina).
Makedonesch Verwaltungsbezierker a Prefecturen:
Commons: Makedonien – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit. |