Mediahuis Luxembourg S.A., bis virum 19. Juli 2021 Saint-Paul Luxembourg S.A. | |
---|---|
Siège vu Mediahuis Luxembourg am Garer Quartier | |
Typ | Aktiegesellschaft |
Sëtz |
31, rue de Hollerich L-1741 Lëtzebuerg Lëtzebuerg |
Leedung | Paul Peckels (Generaldirekter) |
Branche | Medien |
Produit |
Zeitungen, Zäitschrëften, Librairien, Bicher, Press, Radiosenderen, online Medien |
Homepage | mediahuis.lu |
Mediahuis Luxembourg ass e Multimedia-Verlagshaus zu Lëtzebuerg. Et ass 1887 als Sankt-Paulus-Verlag gegrënnt ginn, an housch bis den 20. Juni 2021 Saint-Paul Luxembourg.
De 24. Abrëll 2020 huet déi belsch Mediahuis NV d'Kapital vu Saint Paul Luxembourg iwwerholl.,,,. Den 19. Juli 2021 gouf den Numm offiziell op Mediahuis Luxembourg ëmgeännert
Zu de bekannte Publikatiounen zielt d'Luxemburger Wort, déi eelst Dageszeitung zu Lëtzebuerg.
De Verwaltungssëtz war uganks zu Gaasperech an duerno um Houwald. Zanter dem 1. Dezember 2022 ass en am Heintz-Van-Landewyck-Gebai an der Hollerecher Strooss an der Stad.
Nieft dem Luxemburger Wort gëtt Mediahuis Luxembourg haut d'Wochenzeitung Contacto an d'Zäitschrëften Télécran, Decisão an Auto Moto eraus.
D'Editioun vun der Gratiszeitung Point24 (an dräi Sproochen) gouf Enn 2012 no fënnef Joer agestallt, déi vun der franséischsproocheg Dageszeitung Voix du Luxembourg ee Joer virdrun.
Online gehéiert Mediahuis Luxembourg d'Websäit wort.lu op däitsch, franséischt a portugisesch an dat engleschsproochegt Noriichteportal Luxembourg Times (luxtimes.lu).
Mediahuis ass den Haaptbedreiwer vum portugiseschsproochege Radiosender Radio Latina. Dem Grupp säi fréiere Sender DNR huet den 31. Mäerz 2014 opgehale mat senden.
D'Annoncewebsäiten mystuff.lu (Verkaf vun Alldagsgéigestänn), jobfinder.lu (Jobportal) a wortimmo.lu (Immobilieportal) gehéieren och zum Grupp.
Mediahuis ass de Besëtzer vun der Bicherbuttekschaîne Libo, zu där an hire beschte Jore bis zu sechs Geschäfter gehéiert hunn. 2019 goufen et just nach eng Libo-Librairie zu Dikrech an eng zu Gréiwemaacher.
Zur Grupp gehéieren och eng Dréckerei, d'Imprimerie Saint-Paul, mam Reliuresatelier Reliure Saint-Paul.
De Verlag Éditions Saint-Paul, dee vun Ufank u bestanen huet, huet op den 1. Januar 2020 seng Dieren zou gemaach.
Virun der Reprise duerch Mediahuis war d'Mammenhaus vu Saint-Paul d'Lafayette SA, eng Gesellschaft, déi 1937 gegrënnt gouf an déi als Zil huet den ekonomesche Patrimoine vum Bistum ze geréieren.
D'Presidentin vum Verwaltungsrot ass zanter dem Juli 2021 d'Martine Reicherts.
Fréier Verwaltungsrotcheffe waren:
Zënter dem 1. September 2013 ass de Paul Peckels de Generaldirekter vum Grupp.
Fréier Generaldirektere waren: