Als Merowenger gëtt déi éischt Kinneksdynastie vun de Franken a Gallien genannt (482-751).
Se gouf vum Chlodwig I. (482-511) gegrënnt, nodeem hien all déi aner fränkesch Kinneken, déi et bis dohin nach a Gallien gouf, eliminéiert hat. Duerch seng Daf ëm 500 (de geneeën Datum ass ëmstridden), war hien deen éischte germanesche Kinnek, deen net méi "arianesch", mä kathoulesch gedeeft gouf, wouduerch hien der selwechter Konfessioun ugehéiert huet, wéi bal all d'gallo-réimesch Bewunner vu Gallien. Dee Schrëtt, deen definitiv och eng gewësse politesch Zesummenaarbecht mam Bëschof vu Roum, d. h. mam Kapp vun der réimesch-kathoulescher Kierch, mat sech bruecht huet, huet d'Integratioun vun de Germanen an d'Mass vun de Gallo-Réimer erliichtert an ass ee vun de Grënn, firwat d'Merowengerräich, am Géigesaz zu allen anere germanesche Räicher vun der Zäit no der Vëlkerwanderung, sech iwwer d'Karolenger (751-987) bis wäit an d'Mëttelalter als Frankeräich a schliisslech als Frankräich (vun 987 un) gehalen huet.
Dee leschte Merowenger, de Childerich III., gouf 751 vum Pippin dem Mëttelsten ofgesat.
Commons: Merowenger – Biller, Videoen oder Audiodateien |