Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Montenegrinesch crnogorski jezik | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Montenegro, Kroatien, Bosnien-Herzegowina, Serbien, Kosovo, Albanien |
Regioun: | Balkan, Südosteuropa, Zentaleuropa |
Gëtt geschwat vun: | 232.600 |
Klassement: | |
Klassifikatioun no Famill: | Indogermanesch |
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Montenegro |
Reglementéiert vun: | |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | |
ISO 639-2 | |
ISO 639-3 |
Montenegrinesch (crnogorski jezik) ass eng südslawesch Sprooch. Se gëtt an der Verfassung vum 19. Oktober 2007 als offiziell Sprooch vum Montenegro definéiert. Wéi och Bosnesch, Kroatesch a Serbesch, staamt Montenegrinesch vum Serbokroateschen (respektiv Štokaveschen) of.
Montenegrinesch gëtt am Montenegro a laanscht d'Grenz vu sengen Nopeschlänner Kroatien, Bosnien-Herzegowina, Serbien, Kosovo an Albanien geschwat. D'Kommunikatioun mat den uewe genannte Sprooche leeft meeschtens ouni grouss Problemer.
D'montenegrinesch Sprooch ka souwuel a laténgescher wéi och a kyrillescher Schrëft geschriwwe ginn. Allerdéngs dominéiert d'laténgesch Schrëft am Montenegro.
laténgescht Alphabet
Si huet 32 Buschtawen; Lj an Nj ginn als eenzel Buschtawen ugesinn. Q, W, X an Y gi just bei Nimm aus anere Sprooche gebraucht.
kyrillescht Alphabet