Nupedia war en enzyklopädesche Projet, dee sech vu Wikipedia duerch eng strikt Artikelpolitik ënnerscheet huet.
Effektiv huet e Contributeur missen Expert op sengem Terrain sinn, e Ph.D. gouf gär gesinn.
Nupedia gouf dowéinst dacks als méi seriö wéi Wikipedia ugesinn, mä well et net genuch Contributeure gouf, koum de Projet ni richteg virun a gouf schlussendlech de 26. September 2003 definitiv zougemaach.
Commons: Nupedia – Biller, Videoen oder Audiodateien |