Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Däitschland Lëtzebuerg Irland |
Première | 24. September 2020 |
Dauer | 85 min |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Toby Genkel, Sean McCormack |
Dréibuch | Richie Conroy, Mark Hodkinson |
Musek | Craig Stuart Garfinkle |
Schnëtt | Mark Broszeit, Friedolin Dreesen |
Produzent | Emely Christians, Moe Honan, Jean-Marie Musique, Christine Parisse |
Produktiouns- gesellschaft |
Ulysses Filmproduktion (DE) Fabrique d'images (LU) Moetion Films (IE) |
Schauspiller | |
Englesch Versioun Max Carolan: Finny (Stëmm) Ava Connolly: Leah (Stëmm) Dermot Magennis: Dave (Stëmm) Tara Flynn: Hazel (Stëmm) Mary Murray: Patch (Stëmm) Brendan McDonald: Clyde (Stëmm) Carly Kane: Jelly (Stëmm) Alan Stanford:Leonard (Stëmm) Lëtzebuergesch Versioun Noël Tani: Finny (Stëmm) Mia Conter: Lia (Stëmm) Simone Larosche: Dave (Stëmm) Susy Lentz: Hazel (Stëmm) Monique Mille: Patch (Stëmm) Christophe Strotz: Boss Jos (Stëmm) Jules Werner: Leonard (Stëmm) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ooops! Finny wou bass de? ass en däitsch-lëtzebuergesch-ireschen Animatiounsfilm fir Kanner aus dem Joer 2020. Et ass den Nofollgerfilm vun Ooops! Den Noah ass fort (2015).
D'engleschsproocheg Originalversioun hat jee no Regioun zwee ënnerschiddlech Titelen: Ooops! The Adventure Continues an Two by Two: Overboard!.
De jonken Naschti Finny a seng bescht Frëndin Lia falen duerch een Ongeschéck vun dem Noah senger Arch an d'Mier. Elleng op engem Flooss gi si wärend engem Stuerm vunenee getrennt. Wärend de Finny eng ganz Kolonie vun Naschtien ënner Waasser entdeckt, lant d'Leah op enger schéiner Insel. Wann déi Insel nëmmen net reegelméisseg géif zidderen a keen Damp aus der Spëtzt vum Bierg géif kommen...?
D'Produktiounsgesellschaft Fabrique d'images krut am September 2016 e Subside an Héicht vu 30.000 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong accordéiert fir d'Dréibuch vum Film ze entwéckelen. Am August 2017 koum e weidere Subside vun 2,15 Milliounen Euro fir d'Filmproduktioun dobäi.
D'Titellidd vun der englescher Originalversioun war Stand for Hope vun der irescher Komponistin Eímear Noone an der Sängerin Sibéal. Et gouf fir en "Hollywood Music in Media Award" an der Kategorie "Bescht Lidd vun engem Animatiounsfilm" nominéiert.
Déi lëtzebuergesch Versioun gouf vum Jang Linster produzéiert. Där hiert Titellidd, "Du bass ni eleng", gëtt vum Deborah Schneider gesongen. D'lëtzebuergesch Synchronstëmm vum Finny ass déi vum vum Noël Tani a vum Mia Conter als Lia. Aner Stëmme komme vum Simon Larosche, Susy Lentz, Monique Mille, Christophe Strotz, a Jules Werner.
Genee wéi den éischten Deel, dee 25 Milliounen Euro verdéngt hat, war och dësen zweeten Deel e kommerziellen Erfolleg. A Groussbritannien stoung en am Oktober 2020 op der éischter Plaz vum nationale Box Office an huet an zwou Wochen iwwer 1 Milliounen Euro verdéngt. Och an Däitschland huet de Film méi wéi 1.5 Milliounen Euro verdéngt.
De Film huet weltwäit iwwer 10,5 Milliounen US-Dollar eragespillt.
A Frankräich waren 209.637 Leit de Film an de Kino kucken.
Christoph Petersen, filmstarts.de:
Ein nicht übermäßig kreativer, aber durchweg kurzweiliger Animations-Spaß – und damit eine erfreuliche Steigerung gegenüber dem ersten Teil.
Leslie Felperin, The Guardian:
The crosscutting between assorted storylines is especially hectic even by the standards of this kind of film, and younger kids may struggle to keep up, but the animation is a little smoother and more comely than that of its predecessor. Meanwhile, the numerous Irish accents in this English-language version, reflecting the film’s co-production background, makes for a pleasant break from the dubbed-in American phonetics preferred by most cartoons of this nature.
Le second volet du dessin animé inspiré par la Genèse, à l'animation rudimentaire et aux couleurs criardes, continue d'illustrer le bel usage du vivre-ensemble en déconstruisant le discours populiste. Le film ne provoquera pas le grand frisson de la belle animation, fluide et féline, mais préparera les enfants aux élections des délégués de classe.