Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Orangerie u sech. Fir de Film mat deem Titel, kuckt wgl. Orangerie (Film). |
Eng Orangerie ass e Gebai, dat gebaut gouf, fir doran Orangebeem an aner Planzen, déi de Frascht fäerten, am Wanter ënnerdaach ze stellen.
Ufanks huet den Ausdrock Orangerie sech am Franséischen op Uplanzunge vun Orangebeem (déi am Buedem stoungen) bezunn. Déi sinn am 16. Joerhonnert um franséische Kinnekshaff a Moud komm.
Den André Le Nôtre, Chef-Gäertner zu Versailles ënner dem Louis XIV., hat eng Kar entwéckelt, fir Beem a Kiwwelen ze transportéieren, a sou konnten se, fir se iwwer de Wanter ze versuergen, an d'Orangerie bruecht ginn.
Haut bezitt den Ausdrock sech bal nëmme méi op d'Gebai.
Commons: Orangeries – Biller, Videoen oder Audiodateien |