Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schrëftsteller. Fir de Kino an der Stad Lëtzebuerg, kuckt wgl. Marivaux (Kino). |
Pierre de Marivaux | |
---|---|
Gebuer |
4. Februar 1688 Paräis |
Gestuerwen |
11. Februar 1763 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Dramatiker, Schrëftsteller, Romancier, Auteur, Journalist |
Member vun | Académie française |
De Pierre Carlet de Chamblain de Marivaux, meeschtens einfach Marivaux genannt, gebuer de 4. Februar 1688 zu Paräis an och do de den 12. Februar 1763 gestuerwen, war e franséischen Auteur haaptsächlech vun Theaterstécker, vun deenen en der an déi 30 geschriwwen huet.
Hie gëtt zu de wichtegstge franséischen Theaterauteure vum 18. Joerhonnert gezielt. Vill vu senge Kaméidistécker huet hie fir d'Comédie française oder d'Comédie italienne zu Paräis geschriwwen. Zu senge bedeitendste Wierker zielen Le Triomphe de l'amour, Le Jeu de l'amour et du hasard a Les Fausses Confidences.
De Marivaux huet och eng Rëtsch Essaye geschriwwen, sou wéi och e puer Romaner, vun deenen der allerdéngs zwéin net fäerdeg goufen, La Vie de Marianne a Le Paysan parvenu.
Ausserdeem war hien a sengem Jonktem Journalist fir d'Zeitunge Spectateur a Mercure.
Den Ausdrock "marivaudage" bedeit haut nach am Franséischen eng Zort Gespréich , an deem verschidde Stilebene bewosst duercherneegeheit ginn, z. B. e preziöse Stil antithetesch an engem ganz" onpreziöse" Kontext gebraucht gëtt , oder och, méi allgemeng, eng Zort Geflirts mat blimmelechem Langage.
No him genannt goufen ë. a. Theateren a Kinoen, sou ee Kino an der Stad Lëtzebuerg am Garer Quartier: de Marivaux
Commons: Pierre de Marivaux – Biller, Videoen oder Audiodateien |