Politesch Korrektheet (aus dem Engleschen: political correctness, kuerz PC) ass e Phenomeen an de Sprooche wat drop higeet, all Zorte vun Diskriminatioun ofzeschafen andeems Wierder mat negativer oder vermeintlech negativer Konnotatioun mat neien an doduerch nach wäertfräie Wierder z'ersetzen.
Well d'Verfechter vun der Politescher Korrektheet sech an der Roll vun enger Sproochepolice gesinn an hir nei Sproochform der Allgemengheet carrément opzwénge wëllen, ass den Terme Politesch Korrektheet mëttlerweil selwer dacks negativ besat am Sënn vun enger Aschränkung vum fräien Denken a Schwätzen.
Ursprénglech huet de Begrëff Politesch Korrektheet just déi loyal Ënnerstëtzung vun enger politescher Partei viséiert. Zanter den 1960er Jore gouf en awer am Kader vun der Biergerrechtsbeweegung an der zweeter Well vun der feministescher Beweegung fir d'moralpolitesch Beuerteelung vu Sprooch a Verhalensweise gebraucht. An den 1990er Jore gouf et dunn an den USA eng Géigebeweegung vun den Neokonservativen déi et als politesche Kampfbegrëff vu lénkser Ideologie refuséieren, an an Europa souwuel vu Rietsen, déi an der Politescher Korrektheet eng Beschneidung vun der Meenungsfräiheet gesinn, wéi vu Lénksgeriichten, déi doran eng Gefor fir d'Demokratie gesinn, well selwernannt politesch korrekt Dugendwiechter ganz Themeberäicher als Tabu erklären an all oppen Diskussioun mam Faschismus- Rassismus oder Sexismusknëppel néierhaen, a sou all anescht Denkenden als Aussätzege vun der sozialer an/oder politescher Bün ecartéieren.
Formuléierungen déi als ze negativ opgelueden ugesi gi sinn, wéi "Krëppel" oder "Mongol", goufen ufanks ënner dem Sammelbegrëff "Handikapéierten" zesummegefaasst, deen duerno selwer duerch "Mënsch mat Behënnerung" ersat gouf. Besonnesch an den USA ass et Moud, nach e Schrack méi wäit ze goen an de Fokus vum Gebriechen ewech op dat Positiivt ze zéien, a sou z. B. aus engem "geeschteg Behënnerten" en "anescht Begaabten" ze maachen.
Fir d'Frae sproochlech méi siichtbar ze maache musse s'aus gemëscht-geschlechtleche Gruppen extra ervirgehuewe ginn, entweeder duerch Eenzelnennung ("Wieler a Wielerinnen",), Bannen-I ("WielerInnen") oder Klamer ("Wieler(innen)"). Bei sozial net sou gutt ugesinnene Beruffer gëtt dogéint e geschlechtsneutrale Begrëff gesicht (aus "Botzfra" gëtt "Botzkraaft").
Den "Neger" gouf Enn vum 20. Joerhonnert fir d'éischt e "Schwaarzen" an dunn e "Faarwegen" oder "Afroamerikaner" (de Begrëff "Afrodäitschen" ass och alt vereenzelt an Däitschland opkomm). An deem Kontext sinn och Begrëffer wéi "Negerkuss" ze gesinn, deen zum "Schockelaskuss" oder "Schaumkuss" mutéiert ass, a souguer der Agatha Christie hire Roman Zehn kleine Negerlein (däitschen Titel) vun 1939 gouf, no Protester, vum Scherz-Verlag 1989 an Und dann gab's keine mehr ëmbenannt.
Der Politescher Korrektheet no ginn och all Volleksgruppe just nach no hirer Eegebezeechnung benannt. Sou ginn "Eskimoen" zu "Inuit" an "Zigeiner" zu "Sinti a Roma". Dat ass u sech zwar eng konkreet Diskriminatioun vun allen Zigeiner déi weeder Sinti nach Roma sinn, mä do gëtt da politesch korrekt argumentéiert, datt déi aner Zigeinergruppen eréischt duerch d'Net-nennen am PC-Begrëff allgemeng Opmierksamkeet kruten.
D'Politesch Korrektheet gëtt dofir kritiséiert heiansdo droleg oder onkamoud Formuléierungen ervirzebréngen, déi d'flësseg Sprooch hemme kënnen. Esou zum Beispill a Gesetzestexter:
Och gi beispillsweis weiblech Forme bal nëmme bei positiv besate Begrëffer gebraucht. Praktesch ni liest ee vun "TerroristInnen" oder vun "Drecksmännercher a -frächen". Bei gemëscht-geschlechtlechen Affergruppe gi bei Noriichten d'Frae meeschtens extra ervirgehuewen, wärend s'an d'selwecht zesummegesaten Tätergruppen net ernimmt ginn, soudatt en Zerrbild entsteet no deem d'Affer weiblech sinn an d'Täter männlech.
Deelweis gëtt et Gruppe vu Minoritéiten, déi sech bewosst géint Versich entscheede Politesch Korrektheet duerchzesetzen, an/oder sech déi angeblech diskriminéierend Begrëffer bewosst uneegnen. Beispiller dofir sinn d'Ophuele vum Ausdrock "Schwulen" duerch Homosexuellen, "Kanak" duerch Tierken an Däitschland oder "Nigga" duerch Afroamerikaner an den USA,. A wann ee Faarweger gesäit, déi en T-Shirt mat der Opschrëft "100 % Neger" unhunn, dann ass d'Politesch Korrektheet definitiv ad absurdum gefouert.
Dacks kréie Wierder, déi u sech neutral sinn, e batteren Nogeschmaach nodréiglech opgezwongen, an zwar andeems all deenen, déi eng positiv Astellung hu par Rapport zum Sujet vun deem Wuert, de Gebrauch vum Wuert verbuede gëtt, soudatt dat Wuert dann effektiv just nach fir de pejorative Gebrauch op ass. En neigeschaaft PC-Wuert wat an d'Plaz kënnt kann dann nëmmen nach a positive Kontexter gebraucht ginn - eng schwaarz/wäiss-Molerei, déi et de facto onméiglech mécht fir nach iergendwellech Nuancen auszedrécken. Dës Bestriewunge vun de PC-Verfechter fir Sproochnorme géint den allgemenge Sproochgebrauch duerchzesetzen, a sief et mat Mëttele vu gesellschaftlecher Ausgrenzung vun allen Net-Konformisten, ginn heiansdo (als kleng Erënnerung un d'"Gedankepolice" am George Orwell sengem Roman 1984) als "Gedankenzensur" duerch eng "Sproochepolice" gewäert.
Donieft ass och festzestellen, datt sech politesch korrekt Begrëffer ofnotzen, wa se mat enger gewësser Aggressivitéit weider benotzt ginn. Sou ass duerch fortlafend Neikreatioune vun Ersatzbegrëffer wéi z. B. "Negro" – "black people" – "coloured people" – "African-Americans" näischt gewonnen, wann de Wierder keng tatsächlech Integratioun nokënnt. Anescht ausgedréckt: d'Ëmdenken an de Käpp kann net duerch permanent neigeschaaft Wierder eleng geschéien - dat war awer déi eenzeg Dosinnsberechtegung vun der Politescher Korrektheet.
Eng aner Kritik ass datt d'Ersetze vun enger Bezeechnung duerch eng aner net onbedéngt d'Integratioun vun de betraffene Persoune mat sech bréngt. Esou gëtt heiansdo argumentéiert, datt d'Ëmdenken an de Käpp net eleng duerch neigeschaaft Wierder kéint geschéien.
Schlussendlech läit an de Sproochmanipulatioune vun der Politescher Korrektheet och déi konkreet Gefor, all d'Spuere vum Begéine mam Realen aus der Welt ze schafen. D'Aart a Weis wéi desagreabel Realitéiten einfach ewech-euphemiséiert ginn ass u sech nach méi erschreckend wéi d'Realitéit selwer. Ee Beispill ass do d'Barbarei vun der Gläichgültegkeet, mat där bäi Policeaktioune vun der NATO doudeg Zivilpersounen als unvermeidlech "Kollateralschied" a Kaf geholl ginn.