Tablet

Zwéin Tablets

En Tabletcomputer oder Tablet-PC, meescht einfach Tablet oder Tablette genannt, ass e mobillen Apparat, deen typescherweis e mobille Betribssystem huet. Mat engem Tablet kann ee gréisstendeels dat selwecht maache wéi mat engem PC, mä et feelen e puer Funktiounen. Am Géigesaz zu engem Desktopcomputer oder engem Laptop huet en Tablet keng Tastatur a keng Maus oder Mauspad, obwuel Benotzer déi heiansdo extern derbäisetze kënnen. Wéi bei engem Smartphone kontrolléiert de Benotzer den Tablet iwwer en Touchscreen. Den Tablet huet generell e fest agebauten Akku, deen iwwer en externe Kabel kann opgeluede ginn.

En Tablet huet iwwer de Wi-Fi Internetzougank. Vill Tablets hunn eng Kamera an e Mikro. Haut funktionéieren déi meescht Tablets wéi e Smartphone, mä se si méi grouss an hunn net onbedéngt Accès op en Handysnetzwierk.

De Funktiounsëmfang vun engem Tablet ka mat Zousazprogrammer (Apps) erweidert ginn.

2010 huet Apple den iPad verëffentlecht, den éischte masseproduzéierten Tablet, deen e groussen Erfolleg war.

Um Spaweck

Commons: Tablet computers – Biller, Videoen oder Audiodateien