Tréischterin am Leed ass den Titel ënner deem d'Muttergottes haaptsächlech zu Lëtzebuerg veréiert gëtt a steet fir dat Laténgescht consolatrix afflictorum (consolatrice des affligés op Franséisch an Trösterin der Betrübten op Däitsch).
Dësen Titel ass ee vu villen aneren, mat deem d'Maria an der Lauretanescher Litanei (benannt nom italieenesche Pilgeruert Loreto) gelueft gëtt.
D'Veréierung vu Maria als Tréischterin am Leed ass am Kontext vun der kathoulescher Géigereformatioun an de Reliounskricher, am 16./17. Joerhonnert, an de Spueneschen Nidderlanden ze gesinn (wouzou d'Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet). Et goung de Kierchenautoritéiten drëm, hir Positioun ze stäerken an d'Volleksfrëmmegkeet an der Gitt ze halen. Besonnesch d'Jesuitten an dee vun hinne bedriwwene Mariekult hunn dobäi eng Roll gespillt.
Zu Lëtzebuerg goung dat zeréck op de Jesuittepater Jacques Brocquart, deen den 8. Dezember 1624, um Fest vun der Onbefleckter Empfängnis, eng Muttergottesstatu mat Kand (déi zanter 1796 definitiv an der Kathedral vu Lëtzebuerg steet) an enger Pressessioun mat Studente virun d'Festungsmauere matgeholl huet. Doraus huet sech d'Muttergottesoktav entwéckelt.
D'Statu ass "vollplastesch", aus polychroméiertem Lannenholz, an ass 73 cm héich. Si gehéiert zum Typ vu majestéitesch wierkenden Immaculata-Duerstellungen. D'Maria steet als "apokalyptesch" Fra mat engem Fouss op der Moundséchel (Offb 12,1 EU). Nom spéitmëttelalterleche spuenesche Brauch gesäit de Pilger se awer just als Gewandfigur.
De Sculpteur vun der Statu ass net bekannt an hire geneeën Ursprong och net. Nom Georges Hellinghausen gëtt et dräi Hypotheesen:
D'Tréischterin vun den a Schlesien Ëmgesidelten, 1942-1945, steet haut an der Krypta vun der Kathedral. Fir déi ëmgesidelt Famillje war déi 59 cm grouss, aus Holz geschnëtzte Kopie vun der Tréischterin, Trouscht an Erënnerung un d'Heemecht.
A ville Lëtzebuerger Kierchen an op ville Plaze steet och eng Kopie vun der Tréischterin. Besonnesch bekannt sinn d'Giischterklaus, Houfelt, Randschelt, Sandweiler, Schwéidsbeng an d'Léiffrächen. D'Kapell Aansebuerg, d'Kapell Éimereng, d'Kapell Lieners Uewereesbech an d'Wolzer Kierch sinn der Tréischterin geweit.
D'Bild vun der Tréischterin (e Kofferstéch vun der Tréischterin vu Lëtzebuerg) gëtt zanter 1642 zu Kevelaer veréiert.
Zanter 1875 hu Lëtzebuerger, déi an Amerika ausgewandert sinn, eng Kopie vun der Tréischterin an der Basilica and National Shrine of Our Lady of Consolation zu Carey am Ohio opgestallt, fir dohin ze pilgeren.
Zanter 1947 gëtt am Südafrikaneschen Duerf Kevelaer eng Kopie vum Gnodebild vu Kevelaer veréiert mam Titel Mduduzeli wabalusizi (Du Tréischterin am Leed).,
Tréischterin am Leed ass och d'Patréinesch vun der belscher Uertschaft Chevetogne a vun der Parkierch zesumme mam hellege Maurice.
D'Statu vun der Tréischterin aus der entweiter Kierch vun Zowaasch, gouf am Mäerz 2020 vum Äerzbistum Lëtzebuerg der Par St. Margeret Mary zu Chicago geschenkt. Dës Par gouf 1921 vu Lëtzebuerger Auswanderer gegrënnt.
Am Juli 2020 huet de Kardinol Hollerich am Europa-Park zu Rust am Kader vun enger ökumeenescher Feier an a Presenz vum Parkgrënner Jürgen Mack an der Mariekapell, och Böcklinkapell genannt, beim Luxemburger Platz d'Statu vun der Tréischterin, déi aus der Kierch Scheedgen staamt, opgestalt.
De Fändelssproch vum Kofferstach vum I.M. Kaeyll (warscheinlech 1697 zu Lëtzebuerg gebuer) seet dëst:
Consolatrix - afflictorum - ora - pro - nobis
Tot tibi sunt dotes virgo quot sidera caelo |
Tréischterin - am Leed - biet - fir - eis
Du hues sou vill Qualitéiten wéi den Himmel Stären |
Duerstellunge vun der Tréischterin:
Commons: D'Originalstatu vun der Tréischterin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Tréischterin am Leed – Biller, Videoen oder Audiodateien |