Willem-Alexander vun Holland | |
---|---|
Titelen | |
Kinnek vun Holland | |
Zäit | zanter dem 30. Abrëll 2013 |
Virgänger | Beatrix I. vun Holland |
Biographie | |
Gebuer | 27. Abrëll 1967 |
Bestuet mat | Máxima Zorreguieta |
Papp | Claus von Amsberg |
Mamm | Beatrix I. vun Holland |
Geschwëster | Friso, Constantijn |
Kanner | Catharina-Amalia, Alexia, Ariane |
De Willem-Alexander, gebuer de 27. Abrëll 1967 zu Utrecht als Willem Alexander Claus George Ferdinand van Oranje-Nassau, Prënz vun Oranien, Prënz vun Oranien-Nassau, Här vun Amsberg, ass zanter dem 30. Abrëll 2013 Kinnek vun den Nidderlanden. Hien ass deen eelste Jong vum Prënz Claus von Amsberg an der Kinnigin Beatrix, déi zu senge Gonschten ofgedankt huet.
De Willem-Alexander ass, zesumme mat senge klenge Bridder Johan Friso a Constantijn bis 1981 um Schlass Drakensteyn zu Baarn opgewuess, duerno, wéi seng Mamm bis Kinnigin war, am Schlass Huis ten Bosch zu Den Haag. Zu Baarn an zu Den Haag goung hien an d'Primärschoul an an de Lycée; seng Première huet hien 1985 um Atlantic College zu Llantwit Major a Wales, gemaach.
No enger militärescher Ausbildung huet de Willem-Alexander vun 1987 bis 1993 op der Universitéit Leiden Geschicht studéiert.
Duerno huet hie Formatioune bei der hollännescher Loftarméi a bei der Buedemarméi gemaach. Hien ass Reserve-Flottenanmiral vun der Kinneklecher Marinn, Brigadegenerol vun der Reserv vum Kinnekleche Militär, Brigadegenerol vun der Reserv vun der Loftarméi a war bis zu sengem Amtsuntrëtt als Kinnek Adjutant vun der Kinnigin.
Vun 2006 bis 2013 war hie President vum UN-Conseilsgremium fir Waasser a Gesondheet. Hie war weiderhin, bis e Kinnek war, Member vum hollännesche Staatsrot.
Den éischten Auslandsbesuch als Monarch huet hien op Lëtzebuerg gemaach.
De Willem-Alexander ass mat der Máxima Zorreguieta bestuet, enger Argentinierin mat baskeschen, spueneschen an italieeneschen Originnen. D'Bestietnes hat fir Diskussioune gesuergt, well der Máxima hire Papp, de Jorge Zorreguieta, Member vum Videla-Regime, enger Militärdiktatur, war, déi an Argentinie vun 1976 bis 1983 regéiert huet. Si hunn zesummen dräi Duechteren:
Commons: Willem-Alexander vun Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien |