Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Ombudsmann, w.: Ombudsfra, fr: médiateur, médiatrice, ass e Vermëttler, dee vun enger offizieller Säit (z. B. enger Regierung oder engem Parlament) agesat gouf, fir d'Interesse vun de Bierger ze vertrieden, andeems se Plaintë vun eenzele Bierger iwwer Ofleef an den Administratiounen nogeet a versicht, eng Léisung ze fannen.
Do dernieft gëtt et och Mediateuren, déi net vu Regierungen agesat goufen, an déi fir Veräiner, NGOen, Beruffsorganisatiounen (wéi z. B. déi vu Banken oder Telecoms-Entreprisen), asw. schaffen.
D'Wuert Ombudsman, am haitege Sënn, kënnt aus dem Schweedeschen, wou et zanter 1809 e parlamentaresche Mediateur gëtt. Vum Jean-Claude Juncker ass de Begrëff "Knoutermann", resp. "Knouterfra" an enger Regierungserklärung als lëtzebuergesch Iwwersetzung proposéiert ginn; e gëtt awer bis ewell kaum gebraucht.
De lëtzebuergeschen Ombudsmann gouf duerch d'Gesetz vum 22. August 2003 agesat.
Den 1. Mee 2004 gouf de Marc Fischbach zum éischten Ombudsmann zu Lëtzebuerg vun der Chamber gewielt.
Den 1. Februar 2012 gouf d'Lydie Err säin Nofollger. No hir koum den 1. Abrëll 2017 d'Claudia Monti op déi Plaz.
De Lëtzebuerger Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher gouf duerch d'Gesetz vum 1. Abrëll 2020 agesat.
Zanter dem 1. Februar 2020 ass de Charel Schmit Ombudsmann. Virun him war de René Schlechter den 1. Ombudsmann.